D’Karski Quartett, dat si véier Museker:innen aus Polen an aus der Belsch. Op hirem neisten Album stelle si d’Musek vun enger grousser polnescher Komponistin an de Fokus. Et geet ëm d’Grażyna Bacewicz. Si ass eng vun de bekanntste Komponistinnen aus dem 20. Joerhonnert. Opgewuess ass si an enger musikalescher Famill an hire Papp huet hir d’Musek bäibruecht. Scho fréi huet si op Büne gespillt. Mat nëmme 7 Joer war hiren éischte Concert a ronn 6 Joer drop schreift si hir éischt eege Kompositioun. Spéider studéiert si ënner anerem bei der Nadia Boulanger um renomméierte Conservatoire zu Paräis. Am Ganzen huet si iwwer 200 Wierker komponéiert. Déi véier jonk Museker:inne vum Karski Quartet hu sech och un engem Conservatoire kennegeléiert. Net zu Paräis, mee zu Bréissel. Mat um Album spillt awer och ee Pianist aus Wales, den Jams Coleman. Hien ass ee gudde Kolleeg vum Quartett. Hautdesdaags kommen ëmmer méi Albume mat Musek vun der polnescher Komponistin eraus. Deen heite stécht awer eraus duerch eng richteg déif Verbindung tëschent de Museker:innen an der polnescher Komponistin.
Déi véier spillen alles mat immens vill Enthusiasmus an awer och op eng ganz sensibel Aart a Weis. Et kann ee sech richteg gutt virstelle, wéi d’Komponistin déi Wierker geschriwwen an all hir eegen Emotiounen an Erfarungen an d’Musek mat abruecht huet. Um Album ass ee Sträichquartett an ee Pianosquintett, an ee Wierk huet einfach nëmmen ee polneschen Titel: “W polu lipeńka”. Dat ass ee polnescht Vollekslidd, dat iwwersat “Den Zitrounebam um Feld” bedeit. Et ass e Wierk voller Melancholie, mat Elementer aus der Natur. Wat besonnesch ass: hei spillen d’Museker:inne net nëmmen op hiren Instrumenter, mee si sangen och op Polnesch.