Am Europaparlament verhäerte sech d’Fronte vu lénks a riets. Gëschter krute béid Säiten, also d’Fraktioun vun de Lénken an déi Riets vun de Patriote fir Europa genuch Ënnerschrëften zesummen, fir zwee weider Mësstrauensvotten am Parlament géint d’Kommissiounscheffin Ursula von der Leyen ze lancéieren. Um nämmlechten Dag huet d’Kommissiounspresidentin Ursula von der Leyen hir Ried zur Lag vun der Unioun gehalen. Doran huet si virun allem probéiert déi ze iwwerzeegen, déi vun Ufank un hanner hir stoungen.
Ass dat gelongen, wéi steet et ëm déi sougenannte Von-der Leyen-Koalitioun? D’Sophie Schroeder an d’Danièle Weber hunn zu Stroossbuerg am Europaparlament bei Lëtzebuerger Euroapdeputéierten nogefrot.