Nom Bréif vum Donald Trump mat der Annonce vun 30 Prozent Douanestaxen op europäesch Produiten, déi an d’USA exportéiert ginn, gëtt elo an der EU iwwer méiglech Reaktiounen diskutéiert. D’Kommissiounspresidentin Ursula von der Leyen huet annoncéiert, d’EU géif Géigemesuren, vun deenen eng éischt Partie am Fong haut hätte sollen a Kraaft trieden, dann elo och bis den 1. August aussetzen - a weiderverhandelen.
Wat ass dann elo vun der europäescher Reaktioun ze erwaarden? Explikatioune vun eiser EU-Korrespondentin Danièle Weber