arrow_back_ios

Moiesstudio

100komma7.lu / Moiesstudio

/ Der Caritas hir Scholdeproblematik am Summer 2024

Der Caritas hir Scholdeproblematik am Summer 2024

Lauschteren play_arrow
on the headlines
headphones

7 min

Nieft 30 Milliounen Euro Scholde bei de Banken, hat d'Caritas no der Finanzfraude weider 10 Millioune Scholden. Och dat stoung enger Rettung am Wee, erklären d'Pia Oppel an de Jean-Claude Franck. Si hunn d'Recherche fir den 100,7-Podcast iwwer d'Caritas-Affär gemaach. Déi sechst Episod aus der Serie "Carambolage" ass haut erauskomm. D'Scholdeproblematik huet "bis ewell am politeschen Debat iwwer d'Caritas komplett gefeelt", esou d'Pia Oppel. Si wier awer wichteg, wann een iwwer d'Optiounen diskutéiert, déi um Dësch louchen.

An der sechster Episod gëtt och reveléiert, datt PWC der Caritas op d'Mannst 1,2 Milliounen Euro verrechent huet fir den administrative Support zejoert nom Finanzbedruch vun 61 Milliounen Euro.

Allgemeng geet et em d'Fro, wéi d’Politik mat der Kris bei der kathoulescher Organisatioun ëmgaangen ass. An der sechster Episod si mer an der Chronologie vun der Affär am spéide Summer ukomm, wéi d'asbl Hëllef um Terrain gegrënnt gëtt. An do gëtt da séier kloer: d'Regierung léisst den Dossier lafen ouni groussen Afloss drop ze huelen, de Christian Billon sicht dann a sengem Ëmfeld no Leit déi bereet si Suen op den Dësch ze leeë fir eng nei asbl ze grënnen, an déi Leit nennen hir Associatioun léiwer net Caritas.

An der sechster Episod geet et also ëm alleguer déi Decisiounen, déi am Summer ’24 geholl ginn: notamment vun der Regierung a vum Caritas-Krisecomité. An et geet och ëm d’Kritik, déi et dann duerno un deenen Decisioune gouf – an ëm d’Fro wéi fundéiert dës Kritik ass.

Déi nei Episod kënnt Dir an der 100,7-App, op 100komma7.lu an op de Podcast-Plattforme lauschteren.

mic_none

Presentéiert vum

Episoden

Kaum ee wëllt méi fir d'Gesondheet bezuelen

D'Äntwerten op eis Fro vun der Woch ginn e kloert Bild: d'Leit sinn net bereet, wéinst der ugespaanter finanzieller Situatioun vun der CNS selwer méi bäizeleeën.
headphones

4 min

play_arrow
Rar Krankheeten: wéineg Patienten, vill Erausfuerderungen | © Michelle Barthel

Rar Krankheeten: wéineg Patienten, vill Erausfuerderungen

Fir rar Krankheete ginn et wéineg Traitementer. Fir Betraffener zu Lëtzebuerg spillt d'ALAN eng Schlësselroll a Saache Berodung. Gespréich mam Direkter Dan Theisen
headphones

12 min

play_arrow
Een einfachen Test - ee staarkt Geschenk | © Plooschter Projet

Een einfachen Test - ee staarkt Geschenk

Déi 15 Joer al Äiskonschtleeferin Caroline huet Leukemie a brauch eng Stammzellespend. Dofir organiséiert hire Club an d'ASBL Plooschter Projet muer eng Testaktioun an der Stad.
headphones

5 min

play_arrow
Aus dem Minett op déi grouss Bün | © Felice Civitareale

Aus dem Minett op déi grouss Bün

Den Trompettist Felice Civitareale huet mat Pop- an Jazz-Gréisste wéi Roberto Blanco, Falco oder Max Greger zesummegespillt a war iwwer 20 Joer laang Member vun der SWR Big Band.
headphones

8 min

play_arrow
25. Escher Cavalcade | © Maurice Molitor

25. Escher Cavalcade

E Sonndeg ass nees e grousse Fuesëmzuch an der Minettmetropol, déi Kéier op engem neie Parcours: vun der Brillplaz duerch d'Uelzechtstrooss bei d'Gemeng.
headphones

5 min

play_arrow
Aweiung vun der neier Musekschoul zu Péiteng | © Lex Kauffmann / opus 100,7

Aweiung vun der neier Musekschoul zu Péiteng

Virun engem Joer ass d'Péitenger Musekschoul an e fonkelneit Gebai geplënnert, muer gëtt et mat engem Concert vum Francesco Tristano mam OCL offiziell ageweit.
headphones

6 min

play_arrow
Sexuell Bildung haut: nach ëmmer heikel? | © Radio 100,7

Sexuell Bildung haut: nach ëmmer heikel?

Gespréich mat der Historikerin Anne Schaaf - si huet de Luxembourg City Museum fir d'Expo iwwer d'Menstruatioun beroden a plaidéiert fir eng besser Opklärung vu Kanner a Jonken.
headphones

14 min

play_arrow
Pollesaison ass schonn amgaangen | © ShutterDivision

Pollesaison ass schonn amgaangen

Wat vill Leit net wëssen, ass datt mir eis schonn an der Pollesaison befannen. Beem wéi de Nëssert oder den Alenter haten an de lëschte Wochen e richtege Peak.
headphones

4 min

play_arrow
Diskussioun ëm Zukunft vun de Schoulen zu Stengefort | © Commune de Steinfort

Diskussioun ëm Zukunft vun de Schoulen zu Stengefort

D’Gemeng Stengefort brauch mëttelfristeg méi Plaz an de Schoulen. Déi grouss Fro déi sech stellt: Soll et an Zukunft een zentraliséiert Site oder zwee getrennte Schoulsitte ginn?
headphones

5 min

play_arrow
Urteel, am Nomëtteg, um Stater Geriicht am zweete Bommeleeër-Prozess

Urteel, am Nomëtteg, um Stater Geriicht am zweete Bommeleeër-Prozess

Um Stater Geriicht gëtt am Nomëtteg d'Urteel am zweete Bommeleeër-Prozess gesprach: Mir kommen op de Prozess zeréck an zeréck a beliichten, wat ze erwaarden ass.
headphones

6 min

play_arrow
Aweiung vun der neier Musekschoul zu Péiteng | © Bureau d’Architectes Schemel & Wirtz

Aweiung vun der neier Musekschoul zu Péiteng

Virun engem Joer ass d'Péitenger Musekschoul an e fonkelneit Gebai geplënnert, muer gëtt et mat engem Concert vum Francesco Tristano mam OCL offiziell ageweit.
headphones

6 min

play_arrow
Neit Dagesspidol zu Wolz: "Eng Drëps op de waarme Steen" | © Bigstock

Neit Dagesspidol zu Wolz: "Eng Drëps op de waarme Steen"

Zu Wolz huet e Méindeg ee psychiatrescht Dagesspidol fir Jonker opgemaach. Eng Struktur, déi gebraucht gëtt, och op anere Plazen, seet de CHDN-Direkter Jean-Marc Cloos.
headphones

4 min

play_arrow
D'Steierverwaltung gëtt moderniséiert: wat ännert fir wien? | © Radio 100,7

D'Steierverwaltung gëtt moderniséiert: wat ännert fir wien?

Mir froen den Direkter vun der Steierverwaltung Jean-Paul Olinger, wou den Transformatiounsprozess drun ass a wat en um Enn fir d’Bierger:innen, Entreprisen an d'Beamten ännert.
headphones

14 min

play_arrow
Brittescht Parlament: zolidd Kritik un Andrew, Zweifel un der Kroun | © EPA/ADAM VAUGHAN

Brittescht Parlament: zolidd Kritik un Andrew, Zweifel un der Kroun

Mat eiser Korrespondentin Marie Billon schwätze mir iwwer d'Debatt gëschter am House of commons iwwer d'Implicatioune vum Andrew Mountbatton-Windsor an d'Epstein-Affär.
headphones

5 min

play_arrow
Wat mécht d'Nancy Braun zu Kiew?

Wat mécht d'Nancy Braun zu Kiew?

Eise Korrespondent Philip Crowther huet déi fréier Generaldirektesch vun Esch2022 per Zoufall an der ukrainescher Haaptstad begéint an nogefrot.
headphones

5 min

play_arrow
Ass et komesch viru Krich ze flüchten?

Ass et komesch viru Krich ze flüchten?

Den Inneminister kritiséiert Ukrainer, déi flüchten amplaz ze kämpfen - a kritt dofir vill Zousproch. E Commentaire vum Maurice Molitor
headphones

4 min

play_arrow
4 Joer Ukrainkrich: wou ass den Auswee? | © Nico Lange

4 Joer Ukrainkrich: wou ass den Auswee?

Froen un den däitsche Politolog a Sécherheetsexpert Nico Lange, Senior fellow bei der Münchener Sécherheetskonferenz
headphones

10 min

play_arrow
Joresdag Ukrainkrich: Impressioune vu Kiew | © Philip Crowther

Joresdag Ukrainkrich: Impressioune vu Kiew

De Philippe Crowther mellt sech um 4. Joresdag vun der russescher Invasioun live aus der ukrainescher Haaptstad.
headphones

7 min

play_arrow
Klimafuerscher Ottmar Edenhofer: "Klimaupassung ëmmer méi wichteg" | © The European Scientific Advisory Board on Climate Change

Klimafuerscher Ottmar Edenhofer: "Klimaupassung ëmmer méi wichteg"

Well de Klimawandel net méi opzehalen ass, gëtt et ëmmer méi wichteg d'Resilienz ze stäerken, seet de Klimafuerscher Ottmar Edenhofer vum ESABCC.
headphones

9 min

play_arrow
Wéi geet et den Ukrainer zu Lëtzebuerg?

Wéi geet et den Ukrainer zu Lëtzebuerg?

Haut op den Dag ginn et véier Joer, datt Russland d'Ukrain ugegraff huet. Wéi geet et den Ukrainer:innen, déi op Lëtzebuerg komm sinn eigentlech?
headphones

6 min

play_arrow