An Ungarn huet d’Parlament virgëschter eng Verfassungsännerung decidéiert, déi an der EU awer och am Land selwer hefteg kritiséiert gëtt. Duerch d’Ännerung gi Mënschen agedeelt an zwee Geschlechter: Mann oder Fra. Net-binär Persoune ginn net méi vun den Autoritéiten unerkannt. Ausserdeem gouf d’Verfassung esou geännert, datt Veranstaltunge vun der LGBTQIA+-Communautéit, wéi zum Beispill Pride-Paraden an Zukunft verbuede kënne ginn. Scho Mëtt Mäerz gouf d’Pride-Parade an Ungarn verbueden - duerch d’Ännerungen an der Constitutioun gëtt dee Verbuet elo nach eng Kéier bekräftegt.
Mir schwätze mam LSAP-Europadeputéierten Marc Angel iwwer d'Attack op d'Rechter vun der LGBTQIA+- Communautéit an Ungarn. Hien ass Co-President vun der LGBTI-Intergroup am Europaparlament.