Haut (28.3.) reest den amerikanesche Vizepresident JD Vance a Grönland, awer ouni offiziell Invitatioun vun der Insel an der Arktis, oder vun Dänemark, vu deene Grönland zum Deel ofhängeg ass. Hien ass kaum wëllkomm, well hie representéiert eng Regierung, déi ënner dem President Donald Trump Kontroll iwwer Grönland wëllt kréien.
An engem Interview dës Woch sot den Trump nach eng Kéier zum Sujet vun enger méiglecher Annexioun: D'USA "mussen et maachen, a mussen d'Leit dovunner iwwerzeegen".
Eise Korrespondent Philip Crowther ass fir dem amerikanesche Vizepresident seng Rees a Grönland och op d'Insel gereest. Hien ass eis aus der Haaptstad Nuuk live zougeschalt.