D'Deputéiert vun der Caritas-Spezialkommissioun hu gëschter de Marc Crochet héieren, dee virun a wärend der Fraude Generaldirekter vun der Hëllefsorganisatioun war. Hien ass net vun der Justiz inculpéiert, anescht wéi déi fréier Finanzdirektesch, déi déi frauduléis Virementen a Spuenie gemaach huet. Si seet jo, si wier vu Kriminellen erageluecht ginn, déi sech als hiren Direkter ausginn hätten.
No der Entrevue mam Marc Crochet hunn d'Deputéiert festgestallt, datt et scho virum Finanzbedruch vun 61 Milliounen Euro Schwieregkeete mat der Gouvernance a mam Finanzdepartement vun der Hëllefsorganisatioun gouf.