arrow_back_ios
100komma7.lu
Episoden
D’Piratepartei a “finanziell schwiereger Situatioun”
Trotz finanzielle Problemer géif d’Piratepartei “politesch komplett handlungsfäeg” bleiwen, esou d’Koordinatiounsteam.
Wa Stied an Dierfer ënner der Hëtzt leiden
Op enger Plaz aus Steen a Makadamm sinn am Summer d'Temperaturen dacks erschreckend méi héich wéi ënner engem Prabbeli aus Beem. De Mouvement écologique rifft dozou op, ofzekillen.
Tour de France
Hallefzäit am Tour de France: Mat wat ass nach déi nächst zwou Wochen ze rechnen? A wien ass Favorit? Mir zéien een Tëschebilan mam Lëtzebuerger Cyclist an Expert Alex Kirsch.
Japan
D’Weltausstellung zu Osaka ass elo an der Hallschent ukomm an de Lëtzebuerger Pavillon wier ee vun de beléiftsten - wann een de Responsabelen op der Plaz gleeft.
2. Tour vun der Sozialronn
Fortschrëtter, wann och nach keng Accoren op den Haaptsträitpunkten
Autosaccidenter
Op eise Stroosse sinn d’lescht Joer manner Leit gestuerwen wéi dat Joer virdrun.
Éischt Hëllef fir Mënsche mat enger mentaler Krankheet
Wéi erkennt ee mental Krankheete am eegenen Ëmfeld a wéi kann ee reagéieren?
Fleeschallergie duerch Zeckenbass
Alpha-Gal-Syndrom heescht dëst Krankheetsbild. D’Sté Bisenius huet mat engem vun de rare Betraffenen hei am Land geschwat.
Demokratie vu Klengem un: Klasserot an der Primärschoul
Demokratesch wielen, wou et op den Ausfluch geet oder wéi ee Spill an der Paus gespillt gëtt - dat geet zu Suessem am Klasserot.
D'Enn vum Café Waxweiler
Zu Bettenduerf gëtt d’Gebai vun engem fréier ganz beléifte Café ofgerappt. De Café Waxweiler, deen 1900 entstanen ass, mécht elo Plaz fir e Parking.
Drone fir medizinesch Prouwen ze transportéieren
Gëschter koum et zu engem méi erfreelechen Asaz vun enger Dron, net fir militäresch Zwecker. Eng Dron huet nämlech Bluttprouwe vum Kierchbierg op Jonglënster transportéiert.
Generatioun Z
D'Chambre de Commerce huet e Guide erausgi fir Patronen, déi jonk Leit vun där Generatioun (Joergäng 1997 bis 2012) astelle wëllt. Explikatioune vun der Muriel Morbé
Neit Lidd vum Serge Tonnar
"La même destination" ass den Titel vum Lidd, dat a Collaboratioun mam Adee, engem Artist aus dem Senegal, entstanen ass.
Lëtzebuerg bei der Scrabble-Weltmeeschterschaft
De Garcia Ndunga vertrëtt de Grand-Duché an de Scrabble-Club Beggen bei der Competitioun am Québec
Onkloerheeten beim iPad Modell fir Lycéeën
Nieft der Handynotzung soll och d’iPad-Notzung am schoulesche Kontext ageschränkt ginn.
Caritas-Affär: Parlamentaresch Conclusiounen
Ee Joer nodeems de Skandal opgeflunn ass huet d'Chamber iwwer hir Conclusiounen diskutéiert.
Fluchpassagéier kënnen elo Plainten iwwer myguichet ausfëllen
Well et méi Uspriechpartner gi fir déi verschidde Prozeduren, gouf gëschter fir den Optakt vun der Vakanzesaison eng Vereinfachung virgestallt.
Trotz schwieregem Kontext kuckt Médecins du Monde positiv op 2024 zeréck
D'ONG huet eegenen Aussoen no d'lescht Joer méi Done kritt wéi d'Joer virdrun, trotz der Caritas-Affär. Wéinst interne Schwieregkeete gouf sech och restrukturéiert.