Virgëschter (24.3.) war den 10. Joresdag vum Crash vun enger Germanwings-Maschinn an de franséischen Alpen. Keen Ongléck, wéi sech duerno erausgestallt huet, mee de bewossten, suicidaire Gest vun engem schwéier depressive Co-Pilot, dee sengem Liewen en Enn setze wollt, an deen dunn 149 onschëlleg Mënsche mat an den Doud gerappt huet.
De Paul Reuter, Pilot bei der Luxair, war duerno de Vertrieder vun der European Cockpit Association an enger Task force, déi an der Suite vun där Katastroph vun der EU-Kommissioun agesat gouf, fir Recommandatiounen auszeschaffen.