Fir de Banken et ze erlaben, méi Kreditter ze verginn, misst dee strenge reglementaresche Kader opgeweecht ginn, verlaangt de Camille Selliès, de Generalsekretär vum Lëtzebuerger Bankeverband.
An den nächste Jore wäert massiv mussen investéiert ginn, an Europa - an d’Digitalisatioun, an d’Energietransitioun, an da wëllen d’Regierunge jo och hir Militärdepensë massiv eropschrauwen. Dat alles kéint net méi just iwwer Bankkreditter finanzéiert ginn, seet d’ABBL. D’Banke géifen do u Limitte stoussen - op jidde Fall am aktuelle Kader vu Regelen, déi hinnen imposéiert ginn.