Bis 2030 soll d’Europäesch Unioun massiv opgerüst ginn - dat gouf gëschter um EU-Sommet festgehalen. An den nächste fënnef Joer soll déi europäesch Verteidegung deementspriechend renforcéiert ginn, esou eng vun de Conclusioune gëschter.
D’EU huet op en Neits der Ukrain hir Ënnerstëtzung zougesot - dat hunn allerdéngs just 26 vun de 27 EU-Länner gemaach - Ungarn huet nämlech deen Deel vun de Conclusiounen net matgedroen. Dat war virun zwou Woche genee d’nämmlecht, wéi op engem Spezialsommet iwwer déi europäesch Defense diskutéiert gouf.
26 - zu eent - ass dat elo den Normal-Fall an der EU ? A wéi wëllt d’EU hire massiven Oprüstungsplang finanzéieren? Ass een do gëschter virukomm? Äntwerten dozou vum d’Danièle Weber, dat fir eis de Sommet gëschter suivéiert huet.