arrow_back_ios

Moiesstudio

100komma7.lu / Moiesstudio

/ Dat bréngt den Dag

Dat bréngt den Dag

Lauschteren play_arrow
headphones

2 min

De Parking um Rousegäertchen geet nees op, zu Bréissel kommen d'Ausseministeren zesummen an haut ass den Dag, op dem den hellege Patrick gefeiert gëtt.

mic_none

Presentéiert vum

Episoden

Wéi reagéiert d'EU op d'Attacken op den Iran an hir Suitten?

Wéi reagéiert d'EU op d'Attacken op den Iran an hir Suitten?

Kann ee soen, datt d'EU mat enger Stëmm op de Konflikt reagéiert? Explikatiounen vun eiser EU-Korrespondentin Danièle Weber.
headphones

7 min

play_arrow
Biissen am Volleyball-Féiwer: Eng Sportaart am Opschwong?

Biissen am Volleyball-Féiwer: Eng Sportaart am Opschwong?

An de leschten Deeg gouf zu Biissen de Final Four am Volleyball gespillt. Wéi ass deen ofgelaf a wisou ausgerechent zu Biissen?
headphones

5 min

play_arrow
Wéi ass d'Lag zu Tel Aviv?

Wéi ass d'Lag zu Tel Aviv?

Mir schalte bei eise Korrespondent Léonardo Kahn, deen op der Plaz ass. Mat him gi mir och op d'Virgoe vun Israel an.
headphones

7 min

play_arrow
D'Ugrëff op den Iran aus dem Bléckwénkel vum Fari Khabirpour | © Ana Angel

D'Ugrëff op den Iran aus dem Bléckwénkel vum Fari Khabirpour

De Lëtzebuerger Psycholog an Auteur Fari Khabirpour, deen am Iran gebuer ass, observéiert d'Lag zanter Woche genee an ass a Kontakt mat Iraner. Mir froen hien no senger Aschätzung.
headphones

8 min

play_arrow
Lëtzebuerger zu Dubai waarden op Retour | © EPA/ATEF SAFADI

Lëtzebuerger zu Dubai waarden op Retour

Touriste sëtzen op der Plaz fest, héieren Explosiounen an hoffen op ee séiere Retour. Ënner hinnen ass de Jean-Paul Bleser, deen eis live vun der Situatioun op der Plaz erzielt.
headphones

8 min

play_arrow

Kaum ee wëllt méi fir d'Gesondheet bezuelen

D'Äntwerten op eis Fro vun der Woch ginn e kloert Bild: d'Leit sinn net bereet, wéinst der ugespaanter finanzieller Situatioun vun der CNS selwer méi bäizeleeën.
headphones

4 min

play_arrow
Rar Krankheeten: wéineg Patienten, vill Erausfuerderungen | © Michelle Barthel

Rar Krankheeten: wéineg Patienten, vill Erausfuerderungen

Fir rar Krankheete ginn et wéineg Traitementer. Fir Betraffener zu Lëtzebuerg spillt d'ALAN eng Schlësselroll a Saache Berodung. Gespréich mam Direkter Dan Theisen
headphones

12 min

play_arrow
Een einfachen Test - ee staarkt Geschenk | © Plooschter Projet

Een einfachen Test - ee staarkt Geschenk

Déi 15 Joer al Äiskonschtleeferin Caroline huet Leukemie a brauch eng Stammzellespend. Dofir organiséiert hire Club an d'ASBL Plooschter Projet muer eng Testaktioun an der Stad.
headphones

5 min

play_arrow
Aus dem Minett op déi grouss Bün | © Felice Civitareale

Aus dem Minett op déi grouss Bün

Den Trompettist Felice Civitareale huet mat Pop- an Jazz-Gréisste wéi Roberto Blanco, Falco oder Max Greger zesummegespillt a war iwwer 20 Joer laang Member vun der SWR Big Band.
headphones

8 min

play_arrow
25. Escher Cavalcade | © Maurice Molitor

25. Escher Cavalcade

E Sonndeg ass nees e grousse Fuesëmzuch an der Minettmetropol, déi Kéier op engem neie Parcours: vun der Brillplaz duerch d'Uelzechtstrooss bei d'Gemeng.
headphones

5 min

play_arrow
Aweiung vun der neier Musekschoul zu Péiteng | © Lex Kauffmann / opus 100,7

Aweiung vun der neier Musekschoul zu Péiteng

Virun engem Joer ass d'Péitenger Musekschoul an e fonkelneit Gebai geplënnert, muer gëtt et mat engem Concert vum Francesco Tristano mam OCL offiziell ageweit.
headphones

6 min

play_arrow
Sexuell Bildung haut: nach ëmmer heikel? | © Radio 100,7

Sexuell Bildung haut: nach ëmmer heikel?

Gespréich mat der Historikerin Anne Schaaf - si huet de Luxembourg City Museum fir d'Expo iwwer d'Menstruatioun beroden a plaidéiert fir eng besser Opklärung vu Kanner a Jonken.
headphones

14 min

play_arrow
Pollesaison ass schonn amgaangen | © ShutterDivision

Pollesaison ass schonn amgaangen

Wat vill Leit net wëssen, ass datt mir eis schonn an der Pollesaison befannen. Beem wéi de Nëssert oder den Alenter haten an de lëschte Wochen e richtege Peak.
headphones

4 min

play_arrow
Diskussioun ëm Zukunft vun de Schoulen zu Stengefort | © Commune de Steinfort

Diskussioun ëm Zukunft vun de Schoulen zu Stengefort

D’Gemeng Stengefort brauch mëttelfristeg méi Plaz an de Schoulen. Déi grouss Fro déi sech stellt: Soll et an Zukunft een zentraliséiert Site oder zwee getrennte Schoulsitte ginn?
headphones

5 min

play_arrow
Urteel, am Nomëtteg, um Stater Geriicht am zweete Bommeleeër-Prozess

Urteel, am Nomëtteg, um Stater Geriicht am zweete Bommeleeër-Prozess

Um Stater Geriicht gëtt am Nomëtteg d'Urteel am zweete Bommeleeër-Prozess gesprach: Mir kommen op de Prozess zeréck an zeréck a beliichten, wat ze erwaarden ass.
headphones

6 min

play_arrow
Aweiung vun der neier Musekschoul zu Péiteng | © Bureau d’Architectes Schemel & Wirtz

Aweiung vun der neier Musekschoul zu Péiteng

Virun engem Joer ass d'Péitenger Musekschoul an e fonkelneit Gebai geplënnert, muer gëtt et mat engem Concert vum Francesco Tristano mam OCL offiziell ageweit.
headphones

6 min

play_arrow
Neit Dagesspidol zu Wolz: "Eng Drëps op de waarme Steen" | © Bigstock

Neit Dagesspidol zu Wolz: "Eng Drëps op de waarme Steen"

Zu Wolz huet e Méindeg ee psychiatrescht Dagesspidol fir Jonker opgemaach. Eng Struktur, déi gebraucht gëtt, och op anere Plazen, seet de CHDN-Direkter Jean-Marc Cloos.
headphones

4 min

play_arrow
D'Steierverwaltung gëtt moderniséiert: wat ännert fir wien? | © Radio 100,7

D'Steierverwaltung gëtt moderniséiert: wat ännert fir wien?

Mir froen den Direkter vun der Steierverwaltung Jean-Paul Olinger, wou den Transformatiounsprozess drun ass a wat en um Enn fir d’Bierger:innen, Entreprisen an d'Beamten ännert.
headphones

14 min

play_arrow
Brittescht Parlament: zolidd Kritik un Andrew, Zweifel un der Kroun | © EPA/ADAM VAUGHAN

Brittescht Parlament: zolidd Kritik un Andrew, Zweifel un der Kroun

Mat eiser Korrespondentin Marie Billon schwätze mir iwwer d'Debatt gëschter am House of commons iwwer d'Implicatioune vum Andrew Mountbatton-Windsor an d'Epstein-Affär.
headphones

5 min

play_arrow
Wat mécht d'Nancy Braun zu Kiew?

Wat mécht d'Nancy Braun zu Kiew?

Eise Korrespondent Philip Crowther huet déi fréier Generaldirektesch vun Esch2022 per Zoufall an der ukrainescher Haaptstad begéint an nogefrot.
headphones

5 min

play_arrow