Radioen

On air

Mëttesrascht  |  Sirens Of Lesbos - Zeus

play_arrow Live
arrow_back_ios

Moiesstudio

100komma7.lu / Moiesstudio

/ Keng Plaz méi fir Kanner aus anere Gemengen

Keng Plaz méi fir Kanner aus anere Gemengen

headphones

5 min

Lauschteren play_arrow
on the headlines

Vun der nächster Rentrée u wäerten an der Grondschoul zu Réimech d’Conditiounen, fir Kanner aus anere Gemengen opzehuelen, däitlech méi streng ginn. Viru 14 Deeg huet de Gemengerot entscheet, datt Kanner déi an anere Gemenge wunnen, just nach eng Plaz an enger Réimecher Schoul kréien, wann een Elterendeel zu Réimech schafft.


Viséiert si vun där Moossnam virun allem déi Famillen, déi an der däitscher Grenzregioun wunnen: D’Nopeschgemeng Schengen hëlt zanter der leschter Rentrée scho keng Kanner méi aus anere Gemengen op. Zu Réimech huet een elo gefaart, datt vill Lëtzebuerger Famillen, déi an Däitschland wunnen, hir Kanner elo hätte wëllen zu Réimech aschreiwen. Dem DP-Buergermeeschter Jacques Sitz no wieren d’Capacitéite vun der aktueller Infrastruktur maximal ausgereizt.

mic_none

Presentéiert vum

Episoden

Virum Festival des Migrations, des Cultures et de la Citoyenneté

Virum Festival des Migrations, des Cultures et de la Citoyenneté

De CLAE invitéiert dëse Weekend nees an d'Luxexpo. Seng Presidentin Fall Coumba nennt d'Haaptfuerderunge vun der Auslännerorganisatioun.
headphones

4 min

play_arrow
Umedo: Affer vu Gewalt kënnen hir Blessuren dokumentéiere loossen

Umedo: Affer vu Gewalt kënnen hir Blessuren dokumentéiere loossen

Mir froe bei der Dr Corinna Gibfried no, firwat dat esou wichteg ass.
headphones

13 min

play_arrow
Keng Plaz méi fir Kanner aus anere Gemengen | © Christiane Kleer

Keng Plaz méi fir Kanner aus anere Gemengen

Zu Réimech gi vun der Rentrée u just nach ganz limitéiert Kanner vun auswäerts an der Grondschoul acceptéiert. Et wier keng Plaz méi, erkläert de Buergermeeschter Jacques Sitz.
headphones

5 min

play_arrow
D'Arméi wëllt wuessen | © Sophie Schroeder

D'Arméi wëllt wuessen

Een Dag bei de Rekrute vun der Arméi
headphones

6 min

play_arrow
Ginn déi familiär Incompatibilitéiten aus dem Walgesetz gestrach? | © Chambre des Députés

Ginn déi familiär Incompatibilitéiten aus dem Walgesetz gestrach?

Mann a Fra, Elteren a Kanner oder och Geschwëster däerfen net mateneen an der Chamber setzen. Gëtt dorun eppes geännert? Explikatioune vum Maurice Molitor.
headphones

5 min

play_arrow

Dat bréngt den Dag

Dem Hesper Buergermeeschter säi Retour an d'Gemengepolitik, matzen am Sträit am Gemengerot, de Festival des migrations, des cultures et de la citoyenneté an eng Übung fir den Eeschtfall, wann en Zuch géif accidentéieren.
headphones

4 min

play_arrow
US-Taxen: Keng brittesch Géigereaktioun | © picture alliance / Photoshot

US-Taxen: Keng brittesch Géigereaktioun

Och d’Stol- an Aluminium-Importer aus Groussbritannie ginn zënter gëschter an den USA taxéiert. Déi brittesch Regierung wëllt sech awer net mat Taxen op US-Importer revanchéieren. Firwat?
headphones

4 min

play_arrow
Wéi schwätzt ee mat Kanner iwwer Krich? | © Michelle Barthel

Wéi schwätzt ee mat Kanner iwwer Krich?

Mir froen den Direkter vum Zentrum fir politesch Bildung, de Marc Schoentgen, wéi Elteren an Enseignantë sech sollen uleeën, wann d'Kanner hinne Froen iwwer d'Aktualitéit stellen.
headphones

10 min

play_arrow
Sozialwale bei HUT: schwéier Defaite fir den OGBL | © Morgane Weidig

Sozialwale bei HUT: schwéier Defaite fir den OGBL

Firwat huet den OGBL esou vill Ënnerstëtzung bei de fréiere Caritas-Mataarbechter:inne verluer? D'Analys vum Zentralsekretär fir Gesondheet a Soziales Smail Suljic.
headphones

7 min

play_arrow
E-Voting: an Estland schonn zënter 20 Joer Realitéit | © picture alliance / NurPhoto | Nuno Cruz

E-Voting: an Estland schonn zënter 20 Joer Realitéit

Wéi funktionéiert d'Wielen iwwer Internet an där baltescher Republik? Explikatioune vum Mihkel Solvak, dee sech op der Universitéit vun Tartu an Estland intensiv mam Sujet befaasst.
headphones

5 min

play_arrow
Franséischen Atomschierm fir Europa

Franséischen Atomschierm fir Europa

Mei strategesch Autonomie a Schutz duerch franséisch Atomwaffen?
headphones

4 min

play_arrow
Wafferou an der Ukrain: Firwat huet Russland nach net reagéiert?

Wafferou an der Ukrain: Firwat huet Russland nach net reagéiert?

Mir froen eis Korrespondentin zu Moskau, d'Inna Hartwich.
headphones

6 min

play_arrow

Dat bréngt den Dag

G7-Ausseminister-Treffen a Kanada, 5 Jugendparteien zu enger méiglecher Pensiounsreform a besser Zesummenaarbecht fir jonk Réi ze retten
headphones

4 min

play_arrow
Wéi vill archeologesch Schätz ginn et zu Lëtzebuerg? | © Studio Wision

Wéi vill archeologesch Schätz ginn et zu Lëtzebuerg?

Mir froen deen neien Direkter vum nationalen Archeologie-Institut, den David Weis.
headphones

10 min

play_arrow
Kommunalpoliteschen Zodi zu Hesper | © Chris Zeien

Kommunalpoliteschen Zodi zu Hesper

Den DP-Schäffe reagéiert op de Sträit tëschent der Oppositioun an dem CSV-Buergermeeschter Marc Lies.
headphones

9 min

play_arrow
Rumänien: rietsextreeme Presidentschaftskandidat ausgeschloss

Rumänien: rietsextreeme Presidentschaftskandidat ausgeschloss

De Calin Georgescu, deen Enn November bei den duerno annuléierte Walen déi meeschte Stëmme krut, däerf net méi untrieden. De Cristian Predo, Politolog op der Uni Bukarest, erkläert d'Hannergrënn.
headphones

5 min

play_arrow
Méiglech nei Missioun fir d’SEBES: Drénkwaasser aus der Musel

Méiglech nei Missioun fir d’SEBES: Drénkwaasser aus der Musel

2035 oder 2040 kéint et esou wäit sinn, datt aus Muselwaasser Drénkwaasser gëtt: domat rechnen den Ëmweltministère an de Syndikat SEBES.
headphones

5 min

play_arrow
De Xavier Bettel am Noen Osten | © Jo Diseviscourt

De Xavier Bettel am Noen Osten

De Lëtzebuerger Ausseminister war déi lescht zwee Deeg an Israel an a Palästina. Am 100,7-Interview zitt hien e Bilan vu senge Gespréicher.
headphones

4 min

play_arrow

Dat bréngt den Dag

US-Taxen op europäesche Stol an Aluminium, Vertrieder vum Bistum an der Caritas-Spezialkommissioun an Urteel um EUGH an der Affär Semedo
headphones

3 min

play_arrow
Dag vun der politescher Bildung | © Semir Demic

Dag vun der politescher Bildung

D’Marnie Ecker vum Zentrum fir politesch Bildung gëtt Detailer iwwer déi Journée zum Theemekomplex Demokratie an Digitalitéit muer (13.3.) an der Abtei Neimënster.
headphones

4 min

play_arrow