
arrow_back_ios
100komma7.lu
100komma7.lu
/ Moiesstudio
Episoden


Rar Krankheeten: Ee Kampf fir méi Opmierksamkeet
Den 29. Februar ass den Dag vun de rare Krankheeten. Déi sinn zwar net esou seelen, mee ëmmer nach net interessant genuch fir d'Pharmaindustrie sech dofir ze interesséieren. Interview mam ALAN-President

Steven Pitman: En Äddi un déi grouss Bün
E Sonndeg seet de Steven Pitman no 25 Joer als Elvis Tribut Artist der grousser Bün Äddi, an dat mat sengem Elvis-Farewell Concert mat ville Lëtzebuerger Museker am groussen Auditorium vun der Philharmonie.

Viru 5 Joer gouf et deen éischte Corona-Fall zu Lëtzebuerg
Den 29. Februar 2020 gouf deen éischte Fall vum Coronavirus zu Lëtzebuerg nogewisen. Wat du koum, hu mir nach all an Erënnerung: Lockdownen, Maskepflicht ... E Réckbléck
Dat bréngt de Weekend
Ouverture vun der Tramsstreck op de Findel, Nationalkongresser vun CSJ an déi Konservativ an d'Fuesend

Déifferdeng: Jonker sollen eng dediéiert Plaz am ëffentleche Raum kréien
Keng Aarbecht, keng gutt Wunnsituatioun, Alkohol, Drogen: Zu Déifferdeng hu vill Jugendlecher Problemer. Do, wou si sech am ëffentleche Raum wëllen treffen, fille sech anerer gestéiert.

Doudeg Wëllvigel: E kriminellen Akt
Warscheinlech huet en Onbekannten am Zéissenger Park Mais- a Rategëft verdeelt, wéinst deem elo eng ganz Rei Vigel ëmkoumen. Explikatioune vum Dr. Felix Wildschütz, dem Direkter vun der ALVA.

Wéi geféierlech ass deen neie Camp-Hill-Virus?
Deen neie Virus gouf viru Kuerzem bei Spëtzmais an den USA entdeckt a krut vill Opmierksamkeet an de Medien. Mee ass e wierklech geféierlech oder ass d’Alarmbereetschaft no der Covid-Pandemie elo einfach méi grouss?

Pollen am Februar
Eenzel Allergiker wäerte scho geplot sinn: aktuell sinn Hieselter-, geschwënn och Bierkepollen an der Loft. Interview mat der Dr. Farah Hannachi, der Cheffin vum Service vun der Immunologie an der Allergologie am CHL.

Kris um Bau
D'Handwierkerkammer schléit Alarm a fuerdert d'ëffentlech Hand op, méi ze maache fir de Bau unzekuerbelen. Froen un de Generaldirekter Tom Wirion
Dat bréngt den Dag
Efforten am Kampf géint geschlechtsspezifesch Gewalt, Diskussiounen iwwer den TICE an de brittesche Premier an den USA
Neit Gebai Lycée privé Emile Metz
Haut (26.2.) ass d'Aweiung zu Déifferdeng, um zweete Site vun der Schoul (nieft Dummeldeng). Explikatioune vum Direkter Pascal Thill

Laurent Zeimet: "Beim Konflikt an der Ukrain geet et och ëm eis Fräiheet"
Dat behält den CSV-Député-Maire vu senger éischter Visitt an d'Krichsland zeréck.

Jugendwunnen: eng Hëllef fir op eegene Been ze stoen
De Service national de la jeunesse (SNJ) geréiert schonn ee Projet, dee Jonken, déi net méi doheem kënne wunnen, eng Stäip bitt. Elo gëtt de Projet ausgeweit. Wat geplangt ass, froe mir d'Directrice adjointe vum SNJ.

Presentatioun Polindex-Etüd iwwer Zoustand vun eiser Demokratie
An der Chamber gouf gëschter d'Etüd Polindex 2024 virgestallt: Si hat den Zoustand vun eiser Demokratie als Theema an huet zum Deel beonrouegend Äntwerten op Froe wéi: Ass d'Demokratie déi bescht Regierungsform? geliwwert.
Is That What You Want?
Eng Protestaktioun vu brittesche Musekerinnen a Museker géint de Projet vun der Regierung, KI-Entreprisen Droit-d'auteuren ze erloossen.

Sträit am Policesyndikat
D'Ex-Presidentin Marlène Negrini äntwert hirem Virgänger Pascal Ricquier op d'Reprochen, déi deen hir gëschter am 100,7-Interview gemaach hat.
Dat bréngt den Dag
Eng Auslands-Aarbechtsvisitt vum Premier, eng Etude iwwer den Impakt vum Fluchhafe lux-Airport an de Quality of Work Index
Eng ukrainesch Famill zu Lëtzebuerg
Gëschter war den 3. Joresdag vum russeschen Ugrëff op d’Ukrain. Ronn 4.000 Flüchtlinge koumen zanterhier op Lëtzebuerg, fir hei ze liewen. Ee vun hinnen ass d’Juliya.
