Gëschter gouf den drëtte Joresdag vum russeschen Ugrëff op d'Ukrain commemoréiert. Et ass deen häertste bis elo, well op der Front kënnt et zu ukrainesche Verloschter géint déi russesch Truppen. An zur nämmlechter Zäit fäert een en Enn vum Appui vum wichtegsten Alliéierten am Krich, den USA.
Zu Kiew hunn iwwer eng Dose Regierungscheffen der Ukrain hir Ënnerstëtzung gewisen an hir finanziell a militäresch Hëllef versprach.
Eise Korrespondent Philip Crowther ass fir eis fir dësen Anniversaire an der ukrainescher Haaptstad Kiew.