Moiesstudio
Waasserkraaft zu Lëtzebuerg
5 min
Ewech vu fossille Brennstoffer an a Richtung vun erneierbaren Energien, dat ass dat grousst Zil. Dozou gehéiert och Waasserkraaft, op déi een zu Rouspert zanter 4 Joer verzichte muss. Deemools gouf d’Duerchlaf-Waasserkraaftwierk duerch Iwwerschwemmung beschiedegt. Zanterhier gouf d’Wierk nach net gefléckt. An der Äntwert op eng parlamentaresch Fro Ufank des Joers erkläert de Wirtschaftsminister Lex Delles, datt ee wuel dru schaffe géing, fir d’Wierk nees a Betrib ze huelen. Ëmweltfacteuren an d’Topographie zu Lëtzebuerg géingen awer maachen, datt d’Potential fir aus Waasser Stroum ze maache limitéiert ass.
De Jimmy Bruch huet sech en änlecht Wierk zu Gréiwemaacher ugekuckt a mat Vertrieder vum Wirtschaftsministère geschwat, fir méi gewuer ze ginn.
Presentéiert vum
- Stage 1