Knapp 7 Prozent vun de Luxtrust-Token, déi an Ëmlaf sinn, goufe bis gëschter nach net ofgeschalt, well hir Proprietären d’Migratioun op déi mobil Applikatioun oder op de Scan vu Luxtrust nach net gemaach hunn.
Dat klengt no manner wéi déi 47.000, déi déi 7 Prozent an absolutten Zuelen duerstellen. Den 1. Januar ass d’Ära vum Token jo offiziell op en Enn gaangen. De Pierre Grasset vu Luxtrust erkläert nach eemol d’Virdeeler vun den neien Identifikatiounssystemer.