arrow_back_ios
Moiesstudio
Deepfakes vu Promien: Wie stécht dohannert?
headphones
5 min
Lauschteren
play_arrow

(Foto: Bigstock)
Falsch Videoen an deenen de Luc Frieden, de Xavier Bettel oder d’Lydie Polfer d’Leit opfuerdere Suen ze investéieren, hunn d'lescht Joer um Internet den Tour gemaach. Mee wou komme se hier?
mic_none
Presentéiert vum
- Michelle Barthel
Episoden
Verbum Spei: D'Lëtzebuerger Kierch schafft net méi mat der Bridderschaft zesummen
De Jimmy Bruch huet de Generalvikar Patrick Muller gefrot firwat.

"Chez Nous" zitt mat engem mobille Café duerch d'Land
D'ASBL wëllt esou géint sozial Isolatioun virgoen.
Walrecht: Wat kéint sech änneren?
D'Parteien hunn dem Premier Propose virgeluecht, fir d'Walgesetz ze änneren. Mee gëtt et den néidege Konsens, fir dat och ze maachen?

Sollen d'Gemenge gezwonge gi méi Flüchtlingen opzehuelen?
D’Regierung ass dogéint d'Gemengen iwwer Quoten ze verflichte fir méi Flüchtlingen opzehuelen. Mee wat soen de Gemengeverband an d'Oppositioun?

Gemeinsam Pécherten: Véier Ost-Gemenge wëllen op dee Wee goen
D'Verhandlungen tëschent Mäertert, Manternach, Biwer a Rouspert-Mompech sinn amgaangen. Mir hunn de Mäerterter Buergermeeschter Jerôme Laurent gefrot, wat d'Virdeeler vun esou engem Reseau sinn.
Dat bréngt den Dag
D'Sproochmaschinn gëtt presentéiert, déi zweet Phas vum Reamenagement vun der Péitruss gëtt virgestallt, d'Lëschte fir d'Sozialwale mussen haut deposéiert ginn.

American Football zu Lëtzebuerg
Virum Superbowl: wat mécht d'Faszinatioun vun deem Sport aus? A wéi populär a verbreet ass en zu Lëtzebuerg? E Gespréich mam Federatiounspresident Marc Watry.

Virwërf géint d'Conter Buergermeeschtesch: Bleift den OGBL bei senger Positioun?
D'Marion Zovilé-Braquet streit d'Mobbingvirwërf vun der Gewerkschaft of. Wéi reagéiert déi?

Soll een Äsche vu Verstuerwene kënnen an d'Musel streeën?
Mir hunn de Schengener Buergermeeschter Michel Gloden gefrot.

Neit Stéck am Kasemattentheater: "Les Exclus du Festin"
D'Regisseurin Léonie Rebentisch erkläert, wéi hiert Stéck sech mat der Aarmut zu Lëtzebuerg auserneesetzt.

De Parquet wëllt an Zukunft anescht kommunizéieren
Dat sot de neie Procureur général d'Etat John Petry no engem Echange mat den Deputéierten aus der Chamber-Justizkommissioun.
Dat bréngt den Dag
Strategie a Saache Klimawandel, nei Büroe vun der ADEM an eng Soirée am Gudde Wëllen

Lëtzebuerg ass dëst Joer zweemol op der Eurovisioun vertrueden
De Museker Adriano Selva huet den tschecheschen Eurovisiounssong matgeschriwwen. Mir froen hien, wéi et dozou koum.

Keng Plaz (méi) am Sportsveräin
Bei verschiddene Sportsclibb ginn et Waardelëschten, well et un Infrastrukturen an Trainere feelt. Wat muss do geschéien? Froen un de Laurent Carnol, Directeur technique adj. vum COSL.

Laang Waardelëschte bei Stater Sportsclibb
An der Stad kënnen eng ganz Rei Sportsclibb net all d'Kanner ophuelen, déi sech gär bei hinne géifen umellen. Mir hunn nogefrot firwat.

Si vill Zebrasträifen net esou sécher, wéi se misste sinn?
Mir hunn no e puer rezenten Accidenter bei der Sécurité Routière nogefrot.

Schivakanz mat der Schoul: Ass dat nach ubruecht?
De Schistage huet a ville Lycéeën eng laang Traditioun. Mee soll een an Zäite vu Präisdeierecht a Klimawandel weider dru festhalen?
Dat bréngt den Dag
OGBL an LCGB invitéieren op gemeinsam Pressekonferenz, "I love my Hausdokter" an d'Commemoratioune fir den 80. Joresdag vun der Ardennen-Offensiv zu Veianen
