Deel vum Schengen-Raum ze ginn ass e grousse Moment fir déi zwee Länner, déi schonn zanter 2007 Deel vun der Europäescher Unioun sinn.
Dat heescht, datt Mënschen a Wuere vum 1.1.25 u fräi tëschent Bulgarien, Rumänien an de Schengen-Länner zirkuléiere kënnen. Wéi d’Miseler Gemeng Schengen sech op dee Moment virbereet a firwat 2025 allgemeng e ganz wichtegt Joer fir de Schengen-Accord ass, erkläert d'Sté Bisenius.