An der Stad leeft wéinst der Visitt vum Poopst haut villes anescht wéi soss. Dat betrëfft an éischter Linn den Trafic: An net emol zwou Stonne gi verschidde Stroossen an der Uewerstad gespaart, an den Autostrafic ass vun dann un net méi méiglech. Et huet een also besser mam ëffentlechen Transport an d’Stad ze kommen, wann een dat wëllt maachen.
A wat een an der Stad erwaart, dat seet eis d’Sophie Schroeder, dat schonn an der Stad ënnerwee ass.