Wann haut e grousst Videospill erauskënnt, leeft hannendrun dacks Technologie vun enger eenzeger Firma: Epic Games.
Vill Leit kennen Epic virun allem duerch d‘Videospill “Fortnite”, mee den eigentlechen Afloss vun der Firma geet vill méi wäit. Well Epic huet net nëmme Spiller gebaut, mee eng Technologie, déi haut e groussen Deel vun der Gaming-Industrie undreift, d'Unreal Engine.