No laangem Waarde kënne sech Fans vun Deckbuilder-Videospiller freeën: "Slay the Spire 2" ass endlech eraus.
Wéi beim Virgänger baut ee säin eegent Kaartendeck op, kombinéiert Fäegkeeten a kämpft sech Etage fir Etage duerch e mysteriéisen Tuerm. Nieft neie Charakteren, Kaarten a Géigner bréngt d’Fortsetzung och eng moderniséiert Grafik a fir d’éischt en offizielle Koop-Modus fir bis zu véier Persounen.