"Je suis sur scène comme dans la vie" - dat verréit eis de Renaud Capuçon an engem Gespréich. Beim Concert haut (27.3.) den Owend an der Philharmonie steet de franséische Geiist am Mëttelpunkt. Hien trëtt weltwäit op, an dat net nëmme mat senger Gei, mee och als Dirigent. Bei dësem Concert huet de Museker och déi zwou Kapen un.
"Man muss jung sein um gute Dinge zu tun" - dat Zitat vum Goethe passt ganz gutt bei de Programm vum Concert, well all Wierker hunn de Beethoven, Mozart a Mendelssohn wärend hirer Jugend komponéiert.
Dëse Concert iwwerdroe mir haut den Owend live um opus 100,7 a radio 100,7 (Donneschdeg, de 27. Mäerz) vun 19:30 un aus der Philharmonie. Et ass eng gemeinsam Iwwerdroung mam SR Kultur, déi vu Marie Schockmel a Maria Gutierrez moderéiert gëtt.
D'Marie Schockmel huet sech zwee Deeg virum Concert am Backstage vun der Philharmonie mam Museker fir e Gespréich getraff, an deem hien nawell vill spannend Saache verroden huet.
Programm:
Ludwig van Beethoven: "Die Geschöpfe des Prometheus op.43": Ouverture
Wolfgang A. Mozart: Concerto fir Gei Nr. 3 KV 216
Felix Mendelssohn Bartholdy: Symphonie Nr. 3 "Schottische"
Interpreten:
Lëtzebuerger Philharmoniker
Renaud Capuçon, Direktioun & Gei