An der Welt vun der klassescher Musekswelt ginn dacks Albumen opgeholl mat Musek vu Komponisten, déi net méi liewen. Bescht Beispiller sinn de Mozart oder de Bach. Op dem Markus Brönnimann sengem neien Album ass Musek ze héiere vun engem Komponist, deen aktuell 99 Joer huet an ëmmer nach weider Musek schreift. Et ass de György Kurtág aus Ungarn.
De Markus Brönnimann, deen ënner anerem zanter 26 Joer Soloflüttist bei de Lëtzebuerger Philharmoniker ass, spillt net eleng op dëser Produktioun, mee mat dobäi si weider 8 Museker:inne vu Lëtzebuerg an aus der Géigend.
De Sonndeg 30. Mäerz ass de Release-Concert vum Album am CAPE zu Ettelbréck. Do trëtt de Markus Brönnimann mat der Kammerata Luxembourg op an um Programm steet nieft der Albummusek ënner anerem och nach eng eege Kompositioun vum Flüttist.
Am Gespréich mam Marie Schockmel verréit de Markus Brönnimann ënner anerem, datt hien och scho mam ungaresche Komponist a Kontakt war.