Kultur
Stomm Filmer an e schwätzende Piano
9 min
Dëse Sonnden, 26. Januar organiséiert d'Philharmonie e Ciné-Concert. Ënner dem Motto “L’humour en noir et blanc”, gi schwaarz-wäiss Filmer projezéiert. De Jean-François Zygel, deen de Sommfilm live begleet, ass Pianist, Komponist, Improviséierer an en s.g. “Vulgarisateur” vu klassescher Musek. D’Marie Trussart huet ënner anerem mat him iwwer seng laangjäreg léift fir Stommfilmer geschwat an doriwwer wéi een Humor musekalesch ausdréckt. Mat Hëllef vu sengem Piano erzielt de Jean-François Zygel déi eng oder aner Witzer a weist datt een déi och ouni Wierder erziele kann. An et ass net déi éischte Kéier datt de Fransous an der Philharmonie spillt, et kéint ee scho bal soen, datt hien e Stammgaascht ass...
Presentéiert vum
- Marie Trussart