Radioen

On air

Notturno  |  Matt Dawson - Whispers

play_arrow Live
arrow_back_ios

Klassik Album vun der Woch

100komma7.lu / Klassik Album vun der Woch

/ Eklektesch, an awer vereent

Eklektesch, an awer vereent

headphones

9 min

Lauschteren play_arrow
on the headlines

HD Duo
Den HD Duo setzt sech aus dem Pianist David Howie an dem Saxofonist Michael Duke zesummen. Fir den Disk Bird Spirit Dreaming huet den Duo zwee Stécker an Optrag ginn. Aner Wierker goufe vun de Komponiste fir Saxofon a Piano ëmgeschriwwen, oder vum HD Duo selwer adaptéiert.

Doriwwer eraus …
De Michael Duke an den David Howie spillen awer net nëmmen zu zwee. Bei verschiddene Wierker kréie si Ënnerstëtzung vum Geiist Evgeny Sorkin, vum Cellist Julian Smiles a vum Perkussionist Kevin Man.
Mat den zwee Sträichinstrumenter harmonéiert den HD Duo a sengem eegenen Arrangement vu Rockpool Dreaming wonnerbar. An déi bësse Perkussioun am Titelstéck vum Album erweidert de klangleche Spektrum mat e puer taktesch gutt exponéierten Awërf.

De roude Fuedem vum Album
All Komponist huet seng eege kompositoresch Handschrëft, an awer loosse sech hir Wierker wonnerbar op engem Album kombinéieren.
Esou schaffen zum Beispill de Peter Sculthorpe an de Ross Edwards mat imitéierten Naturgeräischer (Vugelgesang) an de Matthew Hindson mat Véierelstéin an arabesche Kläng. De Matthew Orlovich baut jazzeg, bal Bebop-aarteg Elementer a seng Kompositioun an. Et sinn och süd-ost-asiatesch Harmonien op dësem Disk erauszehéieren.
Wat d’Stécker all verbënnt, ass eendeiteg d’Besetzung an d’Thematik: An alle Wierker ass Saxofon zesumme mat Piano ze héieren. An jazzeg ugehaucht sinn déi meescht Kompositiounen och.
Doriwwer eraus schéngen déi sechs Komponisten eng staark Verbonnenheet zur Natur an zu de Kulture vun dëser Welt ze spieren. Dat léisst sech net nëmme klanglech op dësem Disk novollzéien, mee och an de Biographië vun de jeeweilege Komponisten. Domat weist dësen Album och, wat d’Komponisten op där anerer Säit vun der Welt beschäftegt, begeeschtert an inspiréiert.

Zäitgenëssesch, an awer …
… liicht verdaulech. Et muss ee sech fir dës Musek beim Nolauschteren net ustrengen. D’Kläng erkläre sech vum selwen. Dat läit warscheinlech dorun, datt vill konkret, eendeiteg Harmonien, Imitatiounen a verschidde Stiler eklektesch matenee verbonne ginn.

Musek
Klassik
mic_none

Presentéiert vum

Episoden

Wann d'Feier brennt

Deen alleréischten Album vum spueneschen Ensemble Bayona mam Titel “Cuando el Fuego Abrasa”
headphones

10 min

play_arrow

Jonken Duo voller Feier a Flam

De ganz neien Album “Sparks of Spirit” vum jonke Geschwësterduo “Klavierduo Neeb”
headphones

7 min

play_arrow

Folias Americanas

Zwee Kontinenter, zwou Epochen, zwou Kulturen: Deen neien Album vum Ensemble Vedado mat Kammermusek vum Marais an Àlvarez
headphones

8 min

play_arrow

Entdeckerfreed

De Pablo Heras-Casado an de Mahler Chamber Orchestra presentéieren ënner anerem zwee méi onbekannte Wierker vum Manuel de Falla.
headphones

9 min

play_arrow

The Guitar Player

De Gittarist Mattias Schulstad spillt schweedesch Vollekslidder a beléifte Wierker aus dem Gittarerepertoire.
headphones

8 min

play_arrow
Eklektesch, an awer vereent

Eklektesch, an awer vereent

Den HD Duo presentéiert Wierker vu sechs zäitgenësseschen, australesche Komponisten. Déi zentral Roll spillen dobäi ëmmer de Saxofon an de Piano.
headphones

9 min

play_arrow

E Prënz op der Gei

Zu senger Zäit war de Joseph Bologne de “King of Pop”.
headphones

11 min

play_arrow

De valenzianesche Mozart

Deen neien Album vun de Moonwinds Simfónic ënner der Leedung vum Joan Enric Lluna
headphones

11 min

play_arrow

Eng gelongen Transparenz

De Markus Poschner dirigéiert den Orchestra della Svizzera italiana mat der fënnefter a sechster Sinfonie vum Tschaikowski.
headphones

4 min

play_arrow

Bruckner 2

Et ass déi lescht Fassung vum Bruckner senger zweeter Sinfonie, déi de Gerd Schaller mat sengem Orchester Philharmonie Festiva opgeholl huet.
headphones

11 min

play_arrow

The Silk Road

Vu Venedeg bis a China mat 4 verschidde Komponisten. Op dës Rees hëlt d'Oslo Kammerakademi hir Nolauschterinnen an Nolauschterer mat.
headphones

10 min

play_arrow

Gudde Kaffi fir ee gelongenen Album

Album mat der däitsch-irescher Cellistin Nuala McKenna an dem amerikanesche Pianist Robert Kulek
headphones

8 min

play_arrow

Eng Komponistin vun Debussy bis Penderecki

Hänssler classic huet en Disk mat ausschliisslech Musek vun der Grete von Zieritz erausbruecht. Et ass eréischt den zweeten Disk, nëmme mat Musek vun der éisträichesch-däitscher Komponistin.
headphones

7 min

play_arrow

Ausdrécken, woufir et keng Wierder ginn

Den Cellist Pieter Wispelwey verschafft seng Trauer mat engem neien Album mat Wierker vu Bach, Kodály a Britten.
headphones

4 min

play_arrow

Finnish Piano Works

Deen neien Album vun der finnescher Pianistin Terhi Dostal mat Musek aus hirer Heemecht
headphones

6 min

play_arrow

"Contrasts"

Wierker voller emotionale Kontraster, gespillt vun zwee jonke Museker
headphones

6 min

play_arrow

Véier Hänn, puer Liewensfreed

Wann d’Schwësteren Danae a Kivali Dörken zesummen um Piano spillen, heescht dat 100 Prozent Energie!
headphones

6 min

play_arrow

Klassik Album vun der Woch

De Pianist Oliver Triendl huet schonn iwwer 100 Albume mat Musek vun onbekannte Komponisten a Komponistinnen aus der Romantik opgeholl.
headphones

14 min

play_arrow

Dem Bruckner seng Welt

Als grousse Sinfoniker bekannt, mee als Kierchemuseker ugefaangen.
headphones

8 min

play_arrow

Analytesch, kohärent a mat enger grousser Transparenz

Deen éischten Album vum Pianist Tingshuo Yang
headphones

5 min

play_arrow