Radioen

On air

Simon Says  |  Dillon, Phyliss - Don't Stay Away

play_arrow Live
arrow_back_ios

Klassik-Album vun der Woch

100komma7.lu / Klassik-Album vun der Woch

/ Eng héich emotional Opnam vum Bach senge Suitte fir Cello

Eng héich emotional Opnam vum Bach senge Suitte fir Cello

headphones

11 min

Lauschteren play_arrow

Aus Léift zum Detail fir säin neien Album "Bach Cello Suite" opzehuelen ass de Filipe Quaresma an d'Klouschter vu São Bento da Vitória gaangen, eng Plaz mat enger ganz spezieller Akustik. Hie krut e sechssäitegen Cello geléint, dee 1720 vum Luthier Domenico Montagnana gebaut gouf. D'Instrument huet fréier der Guilhermina Suggia gehéiert, eng vun deenen éischten Cellistinne mat enger professioneller Karriär.

Authentesch opgeholl

Bei engem Stéck spillt de Quaresma zwar op engem moderne fënnefsäitegen Cello, dofir benotzt hien awer Säiten aus Daarm an eng Replik vun engem Bou aus dem 18. Joerhonnert. Fir déi Stécker, bei deenen d'Originalmanuskripter net méi existéieren, studéiert hien déi puer Kopien, déi et nach gi fir eng Spillweis ze fannen, déi historesch esou authentesch ass wéi nëmme méiglech.

En Album voller Emotiounen

De Filipe Quaresma widmet den Album sengem 2022 verstuerwene Papp. Et ass eng Musek, déi mat déiwen Emotioune gespillt gëtt: et héiert een de Quaresma deelweis mat ootmen. Den Cellist beschreift de Prozess vun der Opnam selwer als eppes Spirituelles, Meditatives an Transzendentales.

Musek
Klassik
mic_none

Presentéiert vum

Episoden