arrow_back_ios
100komma7.lu
Episoden
Dräi luusseg, muusseg Monsteren - S02E01: Holzbuedemconcert
D'Tippy, den Derrick an de Pluto ginn nach eng Kéier alles duerch, wat ee muss kënnen, fir e richtegt, grujelegt Monster ze sinn. Si entdecken, datt een net ëmmer vill Kaméidi muss maachen.
De Jos an den Tatzelwuerm
Fir de Jos, eise léiwe Lausbouf, ass elo Fuesvakanz. Normalerweis ginn hien a seng Schwëster Nora net an d'Schivakanz, mee dëst Joer fuere si mat der Nonna an dem Bopa an d'Schwäiz an de Schnéi.
Dräi luusseg, muusseg Monsteren - S01E06: Schnipp Schnapp!
Dem Derrick seng Stëbsallergie ass besonnesch schlëmm. Duerfir muss e geschuer ginn. Mee ass en elo iwwerhaapt nach e luussegt, muussegt Monster ouni wujelege Pelz?
Dräi luusseg, muusseg Monsteren - S01E05: Eng Strëmp
Den Derrick fënnt eng eenzel Strëmp an déi dräi luusseg, muusseg Monsteren iwwerleeën, ob dat net vläicht e Portal fir an eng aner Welt kéint ginn. Vläicht ass dat hir Chance, fir an de Frigo ze kommen?
Dräi luusseg, muusseg Monsteren - S01E04: Et gëtt gekacht!
Den Derrick ass en exzellente Kach. Seng Spezialitéit ass Hakabullibräi à la Derrick. Domadder kann ee besonnesch gutt knätschen an et kritt een esou schéi brong, gréng a knalleg orange Zänn.
Dräi luusseg, muusseg Monsteren - S01E03: Dinosaurier
Viru ganz ville Jore gouf et och scho Monsteren. Déi hunn Dinosaurier geheescht an déi gëtt et net méi, well e grousse Steen op d'Äerd gefall ass. Mee si sinn elo zeréckkomm fir eis kleng Monsteren ze erféieren?
Dräi luusseg, muusseg Monsteren - S01E02: Grujeleg
Wat brauch een alles fir richteg grujeleg ze sinn? Et muss ee sech gutt virbereden. Dat ass kloer! Do ass keng Zäit fir ze schlofen.
Dräi luusseg, muusseg Monsteren - S01E01: Dräi luusseg, muusseg Monsteren
Ënner dem grousse Bett am Bopa sengem klengen Zëmmer, uewen am klengen Haus, wunnen dräi droleg Gestalten: den Derrick, de Pluto an d'Tippy. Si dreemen dovunner, engem Mënsch eng Kéier eng richteg Héngerhaut ze verpassen.
De Mukami an d'Bierger
Eng nei Lauschtergeschicht mam Mukami vun der Anja Di Bartolomeo
Den Emil an de Frutz: E Kannerbuch an eng Lauschtergeschicht
Eng nei Lauschtergeschicht vum Claude Zeimes
Kann ee mat Téin e Glas zersprangen dinn?
Är Eltere kennen eventuell d’Tintin-Geschicht, an där d’Operesängerin Bianca Castafiore duerch hiert Sangen, also duerch hir Stëmm e Glas zersprangen deet. Ass dat méiglech, datt een eleng nëmme mat der Stëmm, et fäerdegbréngt, datt dat Glas zerspréngt?
Musek ass Gefill an dofir beréiert Musek
Musek huet en Afloss op de Mënsch, op säi Gemitt an op seng Gefiller. A genee doriwwer huet d’Michelle Weber vum FNR, dem Luxemburg National Research Fund, dem Jean Claude Majerus nawell Interessantes verzielt.
Eng Nuecht an der Philharmonie
Wësst dir wat geschitt, wann d'Musekerinnen a Museker hir Instrumenter iwwer Nuecht no der Prouf am Concertssall stoe loossen? Mir och net, mee dat gi mir an dëser Geschicht vum Olivier Garofalo gewuer.
De Rigoletto Vodoo-Zauber
D’Paule Rodesch an de Jean Claude Majerus haten déi aussergewéinlech Éier an enger Prouf vum Philharmoneschen Orchester derbäi ze sinn, an zwar mat der Dirigentin Alva Allegra an dem grousse Startenor Tullio Vibrato.
Dem Luthier iwwer d’Schëller gekuckt
De Jacques Sanavia ass Luthier oder anescht gesot: e Geiebauer. D‘Suri, d‘Amélie an d‘Lucy ware bis bei hie laanscht a wollte méi iwwer säi Beruff erausfannen.
D’Eloisa a seng Gei
D‘Nora, d‘Anna, d‘Hannah an de Kabeer waren dat jonkt Talent Eloisa Aubert an de Conservatoire besichen. Déi jonk Geiistin huet mat hiren eelef Joer schonn esou munch internationale Concours gewonnen. D’Kannerreporter:inne hunn hir e puer Froe gestallt.
Musek maachen op enger Schalimosflütt
Am nächsten Experiment ronderëm de Knall, Téin a Schall geet et elo ëm den Toun a mat engem Toun kann ee jo och Musek maachen. De Joseph Rodesch baut dofir mat iech zesummen eng Schalimosflütt, op där een duerno och spille kann.
Mir fabrizéieren eng Knupptut
An dësem Experiment geet et elo dorëms eng Knupptut ze bauen, ze falen oder ze fabrizéieren, wéi een et och wëllt soen.