D'Sonn ass grad eréischt opgestanen an huet immensen Duuscht. Eng Glace géif elo gutt kommen. Mee et ass nach ze fréi dofir, dofir muss se no anere Saache sichen, fir drun ze lecken.
"D'Sonn ass glëschtereg op Glace" ass eng Geschicht aus dem Buch "12 nei Gutt-Nuecht-Geschichten" vun der Sonja Bintener, erauskomm bei Éditions Phi. Illustréiert vun der Snejana Granatkina. Gelies vum Jean Bermes a realiséiert vum Fränz Hausemer fir de radio 100,7.