De Mound huet vu villem Iwwerleeën, wat hien dem Stär Stuppsi fir de Gebuertsdag schenke kéint, ganz vergiess schlofen ze goen a knuppt mat der Sonn aneneen. Fënnt de Mound nach zur Zäit e Kaddo? Dat gëtt schwéier ...
"Wéi de Mound an d'Sonn aneneegeknuppt sinn" ass eng Geschicht aus dem Buch "12 nei Gutt-Nuecht-Geschichten" vun der Sonja Bintener, erauskomm bei Éditions Phi. Illustréiert vun der Snejana Granatkina. Gelies vun der Martine Anne Breisch a realiséiert vum Fränz Hausemer fir de radio 100,7.