arrow_back_ios
100komma7.lu
Episoden
Wéi eng Substanz ass et?
Stellt iech emol vir, dir hutt e klengt Dëppche mat engem wäisse Pudder dran, an dir wësst net, wat et ass. Wat da maachen? An eisem Wëssenschaftsstudio vun der Kannerradionuecht hunn d’Michelle Weber an de Joseph Rodesch vum FNR sech domat beschäftegt.
Wat ass eng Geheimschrëft?
Am Wëssenschaftsstudio vun der Kannerradionuecht hunn d’Michelle Weber an de Joseph Rodesch vum Luxemburg National Research Fund, dem FNR, en Experiment gemaach, wou et ëm eppes ganz Geheimes geet, nämlech eng Geheimschrëft.
Wéi mécht d’Police hir Enquête?
An der Kannerradionuecht wollten eis Kannerreporter vum Cycle 4.2 vun Trënteng um Policebureau zu Réimech gewuer ginn, wat d’Aarbecht vun der Police ass, wann eppes geschitt. Wann d’Police dann um “Tatort” ass, wat musse si da maachen?
Si Journalisten och Detektiven?
Fir d’Kannerradionuecht hu mir eis d’Fro gestallt, ob Journalisten a Journalistinnen net och e bësse wéi Detektive sinn. An deen, deen eis do wuel am beschte Ried an Äntwert stoe konnt, ass de Chefredakter vum radio 100,7, de Jean-Claude Franck.
Muppen eng wichteg Hëllef fir d’Police
An der Kannerradionuecht waren eis Kannerreporter aus dem Cycle 3.1 vu Kielen mat hirer Joffer Véronique Maas bei engem ganz spezielle Service vun der Police, an zwar bei der Hondsstaffel.
Wëssenschaftler an Detektiven
D'Michelle Weber an de Joseph Rodesch vum FNR hunn dem Jean Claude, passend zum Theema vun der Kannerradionuecht, erkläert, datt Wëssenschaftler a Wëssenschaft guer net esou wäit ewech vun Detektiven a Kriminologie sinn.
D’Pechschwéngchen an dem Sami seng Nëss
Esou schlëmm et och ass, mee d’Kaweechelche Sami hat d’Nëss gesammelt, fir am Wanter genuch ze iessen ze hunn. An elo op emol sinn déi Nëss net méi do. Wou si se? Huet ee se geklaut? A wie war et?
De Kannerradionuechtsong: Gangster a Ganouven
Fir d’Kannerradionuecht hu mir och dëst Joer e Lëtzebuerger Artist gefrot e Kannerradionuechtsong ze schreiwen. De John Wolter huet sech der Saach ugeholl an erauskoum de Song: “Gangster a Ganouven”, passend zum Theema vun der Kannerradionuecht.
D’Adventszäit fänkt un
Mir steiere lues awer sécher op Chrëschtdag duer, an datkënnt dir jo och schonn dobausse gesinn, well vill Stied an Dierfer hu schoLuuchten eraus gehaange fir eis all an déi richteg Stëmmung ze bréngen.
Déi kleng Spréiw bei der Eil Elodie
D'Spréiwi huet sech de Flillek getéitscht a kann net mat den anere Spréiwen an de Süde fléien. Wat soll hatt dann elo maachen? Vläit kann d'Eil Elodie hier hëllefen ...
D'Kaweechelche Wuschi an déi geckeg Noss
D'Kaweechelche Wuschi huet e Koup Nëss gesammelt a wier u sech prett an de Wanterschlof ze goen. Mee do gëtt et déi eng Noss, déi sech einfach net fänke léisst ...
De Mukami an Halloween
Et ginn zwee Deeg am Joer, déi de Pit besonnesch gären huet, dat ass Chrëschtdag an Halloween.
Den Dausendbéngchen an d'Sanni-Spann
Den Dausendbéngchen ass gehäit. Hien ass vill dorëmmer gereest an elo huet hien seng dausend Féiss wéi. Hien brauch elo onbedéngt Schong!
Summerorchester am Beetebuerger Park
Dem Heesprénger säi Bou ass futtigaangen. Elo kann hie keng Gei méi mat senge Kolleegen am Beetebuerger Park spillen ... Mee brauch hie wierklech säi Bou, fir kënne Musek ze maachen?
De Jos an de King Gangsta Buba Ti
De Summer ass jo dacks och Zäit, an där Musiksfestivaller oder ganz speziell Concerten organiséiert ginn. Abee, dat ass an dëser neier Geschicht vum Jos net anescht.
De Mukami geet op d’Plage
Och fir de Mukami an de Pit ass elo Vakanz, obschonn de Mukami net richteg weess, wat esou eng Vakanz iwwerhaapt ass.
De Singsang an dat pickegt Déier
De Singsang huet déi schéinste Stëmm vun alle Villercher. Zoufälleg begéint hien engem komeschen Déier mat Picken um Réck. Wat kéint dat fir en Déier sinn?
De Joé op der Méiw
De Joé ass an der Vakanz um Mier a léiert eng Méiw kennen, déi seng Hëllef brauch. Ganz erstaunt wëllegt hien an a flitt mat der Méiw an den Himmel. Kann dee klenge Jong hier wierklech hëllefen?