Déi kanadesch Pianistin Kris Davis ass spéitstens zënter hirem Album "Diatom Ribbons" eng fest Gréisst an der New Yorker Jazzzeen a soumat natierlech och weltwäit en Numm, deen eppes duerstellt. Hir kompositoresch Oppenheet beweegt sech tëschent rythmescher an harmonescher Komplexitéit, déi interessant an erfrëschend fir d'Oueren ass, awer gläichzäiteg buedemstänneg a verankert eriwwerkënnt. Heibäi hëlleft awer och déi formidabel Rhythmussektioun mam Robert Hurst um Bass an dem Jonathan Blake op der Batterie. De Pit Dahm a Pol Belardi presentéieren dëse Live-Matschnëtt vun hirem Optrëtt den 23. August 2024 op der Haaptbün am Congress zu Saalfelden.
Playlist:
1. Little Footsteps (Kris Davis)
2. Heavy footed (Kris Davis)
3. Brainfeel (Kris Davis)
4. Albert Collins (Robert Hurst)
5. Dolores (Wayne Shorter)
6. Beauty Beneath the Rubble (Jonathan Blake)
7. Run The Gauntlet (Kris Davis)