arrow_back_ios
100komma7.lu
Episoden
Denis MacShane
No de Parlamentswahlen a Groussbritannien zéie mer de Bilan vun de Wahlen mam Denis MacShane, dee fir d'Labourpartei tëscht 2002 an 2005 an der Regierung vum Tony Blair Europaminister war.
François Bausch
Am Gespréich mam gréngen Nohaltegkeets- an Infrastrukturminister geet et ëm déi däitsch PKW-Maut an déi europäesch Mobilitéitspolitik.
Alwin de Prins
Bei de Spiller vun de klenge Länner huet Lëtzebuerg eng Rekordzuel vun 38 Goldmedaile matbruecht. De Chef vun der Delegatioun zitt de Bilan.
Tess Burton
Mat der LSAP Deputéierter geet et ëm déi geplangte Reform vum Bail Commercial déi d'Intérête vu Propriétairen a Locataire soll ausgläichen. p.p1 {margin: 0.0px 0.0px 0.0px 0.0px; font: 11.
Nicolas Henckes
Mam Nicolas Henckes, néien Direkter vun der clc, schwätze mer iwwert säi néien Defi an d'Erausfuerderunge fir de Commerce a nächster Zäit.
Franz Fayot & Diane Adehm
Wéi wäit solle Bierger a Journalisten an Zukunft Zougank zu Informatiounen aus Institutiounen a Verwaltungen kréien? Dat diskutéiere mir mam Franz Fayot (LSAP) an der Diane Adehm (CSV).
Enrica Pianaro
D'Soziologin vum Informatiouns- a Berodungszenter CIGALE fir Schwuler a Lesben schwätzt iwwert Homophobie, Akzeptanz a Progrès duerch Gesetzer.