Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  Jaco Jaco - Drivel

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Invité:e vum Dag

Episoden

Fernand Etgen

E Gespréich mam neie Chamberpresident an éischte Bierger vum Land.
François Bausch

François Bausch

De grénge Minister ass wéi bis elo zoustänneg fir d'Mobilitéit, déi ëffentlech Bauten. Nei Ressorte sinn d'Verdeedegung an d'Bannescht Sécherheet.

Sam Tanson

Déi nei gréng Ministerin huet an der Bettel II-Regierung Ressorte Logement a Kultur iwwerholl. Wat sinn hir Ambitiounen an deene Beräicher?

Xavier Bettel

Mat wat fir engem Regierungsstil a mat wat fir engen Ambitioune wëllt de Chef vun der Zweetoplag vu blo-rout-gréng déi nächst Legislatur ugoen.

Marc Hansen

Fonction publique, Relatioune mam Parlament, Digitaliséierung a Réforme administrative sinn déi nei Ressorte vum DP-Minister. Wat wëllt hie maachen?

Eugène Berger

Wéi eng Handschrëft huet deen neie Koalitiounsprogramm? Ass en ëmsetzbar an ze finanzéieren? Den DP-Fraktiounspresident steet Ried an Äntwert.

Josée Lorsché

Déi gréng Fraktiounscheffin iwwer hir nei Roll an déi gréng Handschrëft vum Koalitiounsaccord.
Charel Schmit

Charel Schmit

Mam President vu Caritas Accueil et Solidarité geet ënner anerem rieds iwwer d'Moossname géint Wunnengslosegkeet am Koalitiounsaccord.

Paulette Lenert

Mat der Ministesch fir Kooperatioun a Konsumenteschutz geet Rieds iwwer hir politesch Carrière a Prioritéite fir déi nächst fënnef Joer.

David Wagner

Mam Deputéierte vun déi Lénk schwätze mir ënner anerem iwwer de Koalitiounsaccord.
Alex Bodry

Alex Bodry

Vum Koalitiouns-Programm iwwer de Verfassungs-Referendum bis bei d'LSAP-Erneierung: un Theme feelt et net am Gespréich mam nach-Fraktiounschef vun de Sozialisten.
Carole Dieschbourg

Carole Dieschbourg

E Gespréich mat der aler an neier Ëmweltministesch tëschent hirer Vereedegung an hirer Rees op d'UNO-Klimakonferenz zu Kattowitz.

Corinne Cahen

Wéi eng Ausriichtung hunn d'Familljen- an d'Integratiounspolitik am Koalitiounsaccord? Detailer mat der reconfirméierter zoustänneger Ministerin.

Etienne Schneider

E Gespréich mam alen an neie Vize-Premier, ronn zwielef Stonnen nodeems den ausseruerdentlechen LSAP-Kongress dem Koalitiounsaccord zougestëmmt huet.

Fernand Kartheiser

Den ADR Deputéierte kommentéiert de Koalitiounsaccord an déi zukünfteg ADR-Oppositiounsaarbecht.
Claude Wiseler

Claude Wiseler

De Claude Wiseler trëtt als CSV-Fraktiounschef zeréck. Wat ass seng Analys iwwer déi zukünfteg Regierung an d'CSV-Oppositioun?

Martina Holbach

D'Klimapolitik am Koalitiounsaccord, nei EU-Klimaziler an den UN-Klimasommet sinn d'Themen am Gespréich mat der Aktivistin vu Greenpeace.

Heinrich Kreft

Déi bilateral Relatiounen, déi regional Zesummenaarbecht an d'Roll vun Däitschland an Europa sinn Themen mam däitschen Ambassadeur zu Lëtzebuerg.
Georges Mischo

Georges Mischo

De CSV-Buergermeeschter vun Esch an neien Deputéierten an der Chamber schwätzt iwwer seng politesch Aarbecht an d'Oppositioun vun der CSV.

Sven Clement

Wat bedeit d'Allianz mat der ADR an der Chamber fir d'Piratepartei? Den Deputéierten a President vun de Piraten erkläert.