arrow_back_ios
Invité:e vum Dag
François Bausch
De grénge Minister François Bausch ass an der neier Koalitioun zoustänneg fir d'Mobilitéit, déi ëffentlech Bauten. Nei Ressorten sinn d'Verdeedegung an d'Bannescht Sécherheet. Den Ausbau vum ëffentlechen Transport ass sécherlech dee gréisste Chantier. Wéi séier ginn déi Projeten elo ëmgesat? Wéi wëllt de grénge Minister sech am Beräich vun der Verdeedegung positionéieren a virun allem wéi wëllt hie bei der Police an der Arméi Rekrutéierungsproblemer léisen? D'Carole Schimmer féiert duerch d'Gespréich.