Radioen

On air

Den Nomëtteg  |  Arles 2024: Hommage un de Lëtzebuerger Fotograf Michel Medinger

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Invité:e vum Dag

Episoden

Ulrich Wickert

Dee bekannten däitschen TV-Journalist (Tagesthemen-Presentateur a Paräis-Korrespondent) schwätzt iwwer Frankräich a säin neit Buch ronderëm d'Theemen Identitéit an Heemecht.

Christophe Hansen

D'Positioune vun EU a Groussbritannien iwwer een Handelsaccord leie wäit auseneen. Mir schwätze mam CSV-Europadeputéierten Christophe Hansen.
Paul-Henri Meyers

Paul-Henri Meyers

De laangjäregen CSV-Deputéierte a Verfassungsspezialist iwwer Conclusiounen a Konsequenzen, déi aus dem Waringo-Rapport gezu gi kënnen, sollen a mussen.

Claude P. Muller

De Fuerscher aus dem Luxembourg Institute of Health (Departement Infektioun an Immunitéit) gëtt Explikatioune ronderëm den neie Coronavirus.
Michèle Detaille

Michèle Detaille

D'FEDIL-Presidentin iwwer déi limitéiert Begeeschterung vun der Industrie fir de Klimaplang an d'Problemer jonk Talenter unzezéien.

Renate Winter

Zanter iwwer 10 Joer gëtt iwwer en neit Jugendschutzgesetz diskutéiert. Mir froen d'Kannerrechtsexpertin vun der UN, wéi si d'Chancen op en Accord gesäit.

Yves Mersch

Firwat hannerfreet d'Europäesch Zentralbank all hir Instrumenter? Wéi preparéiert si sech op den Zäitalter vun den digitale Wärungen? Froen un de Member vum EZB-Directoire.

Emile Lutgen

Mir froen den neien Direkter vun der Oeuvre Nationale de Secours Grande-Duchesse Charlotte op de Geschäftsmodell vu sengem Etablissement nach funktionéiert.

Martine Solovieff

Mir froen d'Procureur Général d'Etat, wéi d'Justiz an Zukunft e adequaten Dateschutz wëllt garantéieren.

Jean-Jacques Schonckert

Mir froen de President vun der Associatioun Mäi Wëlle, Mäi Wee, firwat esou vill Leit guer net wëssen, datt et en Euthanasie-Gesetz gëtt.
Simone Asselborn-Bintz

Simone Asselborn-Bintz

E Gespréich mat der gëschter vereedegter neier LSAP-Deputéierter, déi och nach Schäffin vun der Gemeng Suessem ass a geschwënn do Buergermeeschtesch soll ginn.

Agny Durdu

D'Presidentin vum Staatsrot iwwer déi fir hir Institutioun heiansdo schwiereg Balance tëschent Transparenz an Diskretioun.

Lydia Heinisch

Den Dag no der Foire Vakanz 2020: d'Cheffin vun der ULT iwwer d'Reesloscht a -gewunnechte vun de Lëtzebuerger

Anamarija Tunjic

D'Juristin vun der consultativer Mënscherechtskommissioun iwwer de rezenten Avis a Saache mannerjäreg Flüchtlingen, déi eleng op Lëtzebuerg kommen an hei de Statut net kréien.

Dominique Gros

De Buergermeeschter vu Metz iwwer Kompensatiounen, déi de Lëtzebuerger Staat der Nopeschregioun a sengen Ae misst bezuelen.

Antoine Fischbach

D'Analys vun der PISA-Etüd 2018 mam Direkter vum Luxembourg Center for Educational Testing (LUCET) op der uni.lu
Yuriko Backes

Yuriko Backes

Den Dag no der Vereedegung vun der neier EU-Kommissioun: d'Cheffin vun der Kommissiouns-Vertriedung zu Lëtzebuerg steet Ried an Äntwert.

Claude Strasser

Froen un de Generaldirekter vun der Post
Marc Wengler

Marc Wengler

Mir froen den CFL-Direkter, op d'Eisebunn de gratis ëffentlechen Transport gestemmt kritt.
Sylvie Mischel

Sylvie Mischel

Mir froen d'Presidentin vun den ADR Fraen op hire Comeback d'Partei riskéiert ze splécken.
headphones

16 min

play_arrow