Radioen

On air

Spektrum  |  Wet - Double

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Invité:e vum Dag

Episoden

Geoffrey Caruso

De gratis ëffentlechen Transport an, allgemeng, d'Zesummespill vu Landesplanung a Mobilitéit sinn d'Themen am Gespréich mam Expert fir Stadentwécklung.

Mylène Bianchy & Georges Merenz

Gratis ëffentlechen Transport, Verspéidungen an Ausfäll vun Zich, Ausbau vum Tram - d'Gewerkschaftler vu Syprolux a Landesverband kommentéieren.

Robert Dennewald

"Gilet jaune vum Patronat", nennt sech de fréiere Patronatsvertrieder, an hie bezitt Stellung zu: Congé collectif, neie Feierdeeg an dem Luc Frieden.

Guy Castegnaro & Erwann Sevellec

Beliicht vu Patronats- a Salariatssäit, geet mat de Spezialisten am Aarbechtsrecht rieds iwwer Litigen a Sozialkonflikter an den Entreprisen.

Guy Feyder

Wei verschaaft een engem Secteur Geheier, deen ëmmer méi kleng gëtt? Dat froe mir den neie President vun der Landwirtschaftskammer.

Marc Reiners

Kann d'Luxlait nach mat der Konkurrenz aus dem Ausland mathalen? Dat froe mir den neie President vun der Lëtzebuerger Molkerei.

Jos Schummer

Wat weess de Buergermeeschter vu Biissen iwwer de Projet vum Google-Datazenter? Eng Biergerinitiativ mécht sech Suergen iwwer den Impakt op d'Ëmwelt.

Paul Ariès

De franséische Politolog an deklaréierte lénke Grénge schwätzt iwwer säi Buch "Gratuité versus Capitalisme" an iwwer d'Gilets jaunes a Frankräich.

Claude Bizjak

De Geschäftsverband CLC fuerdert eng komplett Liberaliséierung vun den Ouvertureszäiten. Den CLC-Direktiounsmember erkläert fir wat.

Guy Colas

Ass de Lëtzebuerger Sport wierklech esou propper, wéi et ausgesäit? Dat froe mir de President vun der Lëtzebuerger Anti-Doping Agence.

Yves Biwer

Wien decidéiert, wéi eng Zort Quartier tëschent Esch a Schëffleng gebaut gëtt? Äntwerte vum administrativen Direkter vun der Entwécklungsgesellschaft Agora.

Isabelle Faber & Patrick Friedgen

2018 hat de "Groupe de support psychologique" vu CGDIS 230 Asätz bei Affer vun Accidenter a Gewalt. D'Equipe funktionéiert mat 46 Benevoller.

Alain Origer

Manner Drogendoudeger, manner HIV-Infektiounen duerch Drogen a manner Konsumente vun haarden Drogen. Detailer mam nationalen Drogen-Coordinateur.

Gilbert Goergen & Claude Strasser

De President vum Postsyndikat an de Generaldirekter vun der Post diskutéieren am Kader vun de Sozialwahlen iwwer de Betrib "Post".

Tom Jungen

Den neien LSAP-Generalsekretär iwwer d'Zukunft vu senger Partei

Nicolas Buck

Den Nofolger vum Michel Wurth als UEL-President vun Ufank Mäerz un

Jean Huss

De President vun der Asbl AKUT kommentéiert d'Kapitel Ëmwelt-Medezin aus dem Koalitiounsaccord.
Patrick Hurst

Patrick Hurst

Wat kann de Centre pour l'Egalité de Traitement maache fir diskriminéierte Leit ze hëllëfen? Dat froen mir den neie President vum CET.

Estelle Winter & Dores Azeredo - OGBL

D'Gewerkschaftlerinnen a Botzfrae schwätzen iwwer d'Aarbechtskonditiounen an d'Revendicatiounen am Botzsecteur am Virfeld vun de Sozialwahlen.

Patrick Nickels

Mir froen de President vum Verwaltungsrot vun der SNCI, no wéi enge Kritären déi staatlech Investitiounsbank Sue verléint an investéiert.