arrow_back_ios
Invité:e vum Dag
Tom Jungen
Zesumme mam neie Parteipresident Franz Fayot soll hien de Profil vun der LSAP schäerfen an d'Erneierung vun der Partei virundreiwen. Den Tom Jungen ass OGBL-Gewerkschaftler, zanter 2008 Buergermeeschter vu Réiser an zanter knapp dräi Woche Generalsekretär vun der LSAP - hien ass als eenzege Kandidat mat 95 Prozent vun de Stëmmen an dës nei Positioun gewielt ginn. Wat si seng Pläng, fir aus der LSAP eng Partei vum 21. Joerhonnert ze maachen? D'Fanny Kinsch féiert duerch d'Gespréich.