Radioen

On air

Arty Party  |  Miguel - Come Through and Chill Feat. J. Cole & Salaam Remi

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Invité:e vum Dag

Episoden

Marc Barthelemy

Deen neie Kommissär fir d'Lëtzebuerger Sprooch seet, wat hie wëlles huet.

Jean-Claude Reding

Mam CSL-President geet rieds iwwer d'Erwaardunge vun der Chambre des Salariés un déi nächst Regierung.

Carine Nardecchia

E Gespréich mat der éischter Fra, déi de Sprong an de Verwaltungsrot vun der Fussball-Federatioun (FLF) gepackt huet, iwwer hir Motivatioun an hir Projeten.

Alexandra Huberty

Den éischten November trëtt d'Reform vun der Scheedung a vun der Autorité parentale a Kraaft. Mat der Riichterin geet rieds iwwer d'Neierungen am Familljerecht.

Michèle Schilt

Mat der Vize-Direktesch vum Zentrum fir politesch Bildung zéie mer de Bilan vu "Smartwielen.lu", kucken op d'Wahlen zeréck a ginn op d'Aufgabe vum ZPB an.
Julien Licheron

Julien Licheron

D'Situatioun um Lëtzebuerger Wunnengsmaart: eng wëssenschaftlech Analys.

Serge Allegrezza

D'Analysë vum Statec spillen eng wichteg Roll an de Koalitiounsverhandlungen. Ee Gespréich mam Direkter vun der Statistikverwaltung.
headphones

16 min

play_arrow

Laura Zuccoli

D'Auslännerorganisatioun ASTI fuerdert vun enger neier Regierung eng proaktiv Politik fir Immigratioun an Integratioun. Dozou d'ASTI-Presidentin.
headphones

17 min

play_arrow

Michel Würth

De President vum Patronatsverband UEL a President vun der Chambre de Commerce beliicht d'Wahlresultat an den Ausbléck op d'Koalitiounsverhandlungen.
headphones

20 min

play_arrow

Jeff Engelen

Den ADR-Grënnungsmember a Gemengeconseiller vu Wëntger ass als Norddeputéierten an d'Chamber gewielt ginn. Fir wat wëll hien sech asetzen?
headphones

16 min

play_arrow
Paul Galles & François Benoy

Paul Galles & François Benoy

E Gespréich mat den zwee frësch gewielten Deputéierten, déi - deen ee fir d'CSV, deen anere fir déi gréng - elo schonn um Knuedler zesumme schaffen, a geschwënn also och um Krautmaart.
headphones

17 min

play_arrow
Marc Goergen

Marc Goergen

Den neie Süddeputéierten iwwert den Iwwerraschungserfolleg vu senger Partei an d'Akzenter, déi d'Piraten an der Chamber setze wëllen.
headphones

17 min

play_arrow
Sammy Wagner (LSAP)

Sammy Wagner (LSAP)

Kritiker an der LSAP fuerderen eng Erneierung vun der Partei. Esou och de fréiere President vun de Jongsozialisten an LSAP-Schäffe vu Stengefort.

Philippe Poirier

De Politolog vun der "Chaire de recherche en études parlementaires" vun der Uni Lëtzebuerg mécht eng Analys iwwert d'Resultater vun de Wahlen.

Maître François Kremer

Mam neie Bâtonnier geet rieds iwwer d'Erausfuerderungen an iwwer d'Roll vum Conseil de l'ordre vun den Affekoten.

Kelly Kosel

D'Studentenorganisatioun UNEL geheit der Regierung vir, eng Politik bedriwwen ze hunn, déi d'Jugend a Gefor bréngt, ënnert anerem bei de Stagen.

Serge Legil a Caroline Lieffrig

Mam Direkter an der Vizedirektesch vun där nei geschaffter Prisongsverwaltung geet rieds iwwer d'Prisongsreform an déi nei Ausriichtung vum Strofvollzuch.

Robert Mehlen (ADR) - Jean Colombera (Piratepartei)

D'Kooperatioun tëscht klénge Parteien bei de Chamberwahlen ass ee vun de Sujete an dësem Face-à-face.

Martine Eischen

D'Autonomie vu Mënsche mat enger Behënnerung gëtt zu Lëtzebuerg net genuch gefërdert, seet d'Presidentin vun der Associatioun Trisomie 21.

Marc Hansen (DP) - Gary Diderich (déi Lénk)

Wat kann d'Politik maachen, fir de Bau vu bezuelbare Wunnengen ze fërderen? E Face-à-face am Virfeld vun de Chamberwahlen.