Invité:e vum Dag
Marc Goergen
17 min
Dass d'Piraten an der neier Chamber mat zwee Deputéierte vertruede sinn, ass eng vun de villen Iwwerraschunge vum Wahlsonndeg. Net déi klengst: Wuel nëmmen déi allermannst haten domat gerechent. De Marc Goergen par conter huet fest doru gegleeft: Hien hätt am Laf vun der Campagne ëmmer méi d'Gefill kritt, dass et kéint klappen. Elo geschwënn ginn hien an de Sven Clement als éischt Piraten an der Geschicht vum Lëtzebuerger Parlamentarismus vereedegt. De Maurice Molitor schwätzt mam Marc Goergen iwwer de Succès vu senger Partei an d'Akzenter, déi se an der Chamber setze wëll.