Radioen

On air

Notturno  |  Marie Modiano - Guérir Ma Colère

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Invité:e vum Dag

Episoden

Laurence Zenner

Nei Generaldirectrice vun CFL cargo ass zënter dem 1. Januar d'Laurence Zenner: si ass Nofolgerin vum Marc Polini.

Marc Schoentgen

Den Direkter vum Zentrum fir politesch Bildung mat Detailer zum pädagogesche Material, deen de Fonctionnement vum Parlament op eng einfach Aart a Weis erkläre soll.

Invité vum Dag

Viraussiichtlech am Fréijoer soll dat neit Naturschutzgesetz duerch d'Chamber goen. Déi zoustänneg Chamberkommissioun finaliséiert den Text.

Joé Thein

Déi Konservativ, déi nei Partei vum fréieren ADR-Member Joé Thein, wëll fir d'Chamberwalen eng Lëscht am Süden opstellen.

Jean-Paul Olinger

Mam neie Generalsekretär vun der UEL schwätze mir iwwert d'Prioritéiten an d'Roll vun den Entreprisen zu Lëtzebuerg.

Jacques Delacolette (OGBL) & Vincent Jacquet (LCGB)

D'Besteierung vu bestuete Fronatileren huet den 1. Januar geännert. Doriwwer geet Rieds mat de Gewerkschaftler.

Etienne Schneider

De Google-Datacenter zu Biissen an d'Campagne fir d'Chamberwahlen sinn d'Haaptthemen am Gespréich mam Wirtschaftsminister a wahrscheinlechen LSAP-Spëtzekandidat.

Serge Allegrezza

Déi wirtschaftlech Previsioune prophezeien dem Land e Joer 2018 ouni Suergen. D'Post muss op all hire Marchéen haart kämpfen.

André Hoffmann

De President vum COSL kuckt zréck op d'Sportsjoer 2017 a schwätzt iwwer d'Erausfuerderunge vum Lëtzebuerger (Héich-)Leeschtungssport.

Pol Lutgen

Mam neie President vum Studenteverband ACEL geet Rieds iwwer d'Haaptprioritéiten, déi den aktuelle Comité sech fir dat nächst Joer ginn huet.

Mars Di Bartolomeo

D'Chamberwahlen 2018 komme méi no. Mam aktuelle Chamberspresident geet et ëm d'Zukunft an ëm de Wonsch, fir éischte Bierger vum Land ze bleiwen.

Paul Schroeder

Den Direkter vum neie CGDIS (Corps grand-ducal d'incendie et de secours) erkläert, wat duerch d'Reform vun de Rettungsdéngschter ännert.

Marc Barthelemy

Mam Marc Barthelemy vum Edukatiounsministère geet Rieds iwwert d'Methodologie an d'Recrutementer am Beräich vum Lëtzebuergesch Unterrecht.

Xavier Bettel

A manner wéi engem Joer si Chamberwahlen. Wat ass dem Staatsminister Bettel säi Bilan 2017? Mat wéi engen Argumenter wëllt hien an de Wahlkampf goen?

Gusty Graas (DP)

D'Dignitéit vum Déier soll an d'Gesetz stoe kommen - dat werft Froen op. De Rapporter vum Gesetzprojet erkläert.

Jean-Paul Lehners

De President vun der Kommissioun vum Europarot géint Rassismus an Intoleranz iwwert Mënscherechter zu Lëtzebuerg

Serge Hoffmann

Luxuriéis Renovatiounen a kommunalpolitesch Realitéite sinn Themen am Gespréich mam President vum Fonds de rénovation de la Vieille Ville a Buergermeeschter vun Habscht.

Daniel Miltgen

Turbulent Zäiten am Fonds du Logement: d'Analys vum Daniel Miltgen, dem fréiere staarke Mann vum Fong.

Nayla Ajaltouni & Beatrix Niser

"No corporate impunity - Mënscherechter viru Profit". Zwou Expertinnen aus Frankräich an der Schwäiz schwätzen iwwert d'Ethik vu multinationale Konzerner.

Luc Zwank

D'Pegelstänn déi klammen, saturéiert Biedem an iwwerschwemmte Kelleren - eng Analys mam Directeur adjoint vum Waasserwirtschaftsamt.