arrow_back_ios
Invité:e vum Dag
Daniel Miltgen
Bal 30 Joer laang stoung den Daniel Miltgen un der Spëtzt vum Fonds du Logement. Bis en, am Mäerz 2015, vun der deemoleger Wunnengsbau-Ministesch Maggy Nagel vu senge Funktioune entbonne gouf. Am Interview analyséiert de fréiere President déi aktuell Situatioun vum Fong, hien hellt Stellung zu Reprochen, déi him gemaach goufen a beschreift, firwat soziale Wunnengsbau zwar ëmmer erëm gefrot gëtt, mä nëmme seelen erwënscht ass. De Maurice Molitor féiert duerch d'Gespréich.