arrow_back_ios

Identitéin

Pit Wagner

on the headlines

De Kënschtler Pit Wagner huet a sengem Liewen eng Abberzuel vu Stonnen domadder verbruecht, seng Ëmwelt ze beobachten an se ënner anerem duerch Zeechnunge ze veréiwegen. Vu datt Musek och eng wichteg Roll a sengem Liewe spillt, war si eng trei Begleederin an dësem Prozess. Entweder well hien se gelauschtert huet, wärend a sengem Atelier Wierker entstane sinn oder awer well de Pit Wagner se a Form vun Ensembele respektiv Orchesteren direkt virun Aen hat. Mee wéi hält een eppes bildlech fest, wat därmoossen a Beweegung ass? Dëst a vill aner Theeme pléckt d’Anne Schaaf mat hirem Gaascht am neien Episod vun Identitéin auserneen.

mic_none

Presentéiert vum

Episoden