arrow_back_ios

Identitéin

100komma7.lu / Identitéin

/ Claude Loutsch

Claude Loutsch

Lauschteren play_arrow
on the headlines
headphones

53 min

De Claude Loutsch huet am Familljebetrib scho fréi Responsabilitéit iwwerholl. De Beruff vum Bauer huet sech staark verännert säit säi Grousspapp, wéi hie, Schwäi geziicht huet. Viru wéi engen Erausfuerderunge steet d'Landwirtschaft haut? Wéi wichteg ass et, tëschenduerch duerchzeootmen a spigelt sech säi Beruff souguer an der Playlëscht erëm? Dat fënnt een eraus, wann een dësen neien Episod lauschtert, an deem d'Anne Schaaf vu sengem Invité och vill iwwer d'Duerfliewen a sougenannte "Wëlle Westen" vum Land wëll gewuer ginn.


Triggerwarnung: An dësem Episod geet et tëscht 40:20 an 42:13 ëm Suicide. Wann Iech dat Thema belaascht, dann iwwersprangt dëse Passage oder lauschtert en zesumme mat enger Persoun, bei där Iech sécher spiert.

Wann Dir, Är Frënn oder Famill mat suizidäre Gedanken ze dinn hutt, da kënnt Dir Iech ënnert anerem un d'Ligue hygiène mentale wenden. Hir Offer fannt dir ënner llhm.lu D’Telefonsnummer vun SOS Détresse ass 45 45 45. Zesumme mat dësem Träger huet de Landwirtschaftsministère e Suergentelefon fir Baueren, Wënzer a Gäertner an d’Liewe geruff. Hir Personal gouf extra geschoult fir op hir spezifesch Besoinen anzegoen.

mic_none

Presentéiert vum

Episoden