Genuddels a Gejiips
Nei Musek vu Robert Glasper a Bill Charlap ...
60 min
- Den Jazz als d’Wéi vum Hiphop, dat ass keng Neiegkeet. Allerdéngs sinn déi zwee Stiler net all Dag zesummen op engem Album ze fannen. Dat ass um neien Disk vum Robert Glasper awer anescht. Hien huet souwuel am Studio live mat Band den Jazz-Track opgeholl an duerno engem Produzent vu senger Wiel dëse weiderginn, fir e frësch ze verschaffen.
- De Pianist Bill Charlap huet en neie Live-Album mat sengem scho legendären Trio mam Kenny Washington a Peter Washington erausbruecht. Live am Village Vanguard opgeholl a beim Blue Note Label erauskomm: gëtt et eng besser Kombinatioun!?
- Ofschléissend nach “Coltrane Plays the Blues” vun ufanks de 60er Joren, fir dem Coltrane säi Gebuertsdag ze feieren. Den 23. September hätt hien 98 Joer kritt.
Playlist:
1. Say Less - Robert Glasper
2. Say Less (feat. Jamari) [Flipped by Riley Glasper] - Robert Glasper
3. Waiting on Arrival - Robert Glasper
4. Waiting on Arrival (feat. Taylor McFerrin) [Flipped by Taylor McFerrin] - Robert Glasper
5. Rm 112 - Robert Glasper
6. Rm 112 (Flipped by Karriem Riggins) - Robert Glasper
7. All The Things You Are (Live) - Bill Charlap Trio
8. In Your Own Sweet Way (Live) - Bill Charlap Trio
9. Blues to you - John Coltrane
10. Mr. Day - John Coltrane
Presentateuren
- Pol Belardi
- Pit Dahm