Genuddels a Gejiips
Genuddels a Gejiips
60 min
An dëser Episod lauschteren de Pol Belardi an de Pit Dahm eng nei posthum Sortie vum Trompettist Roy Hargrove dee viru sechs Joer gestuerwen ass. “Grande-Terre”ass am Latin unzesidelen an de Roy Hargrove an Top-Form ze genéissen.
De Pianist Carsten Dahl huet mat sengem Trio en neien Album opgeholl. Roueg a wonnerschéi Sounds hunn si agespillt fir de Label “Storyville”.
Den Ofschloss mécht de Keith Jarrett mat sengem Standards Vol. 1 mam Jack DeJohnette an dem Gary Peacock, en Album deen an all Sammlung gehéiert a mëttlerweil “Legendestatus” huet.
Playlist
1. Roy Hargrove – Rumba Roy
2. Roy Hargrove - Lake Danse
3. Roy Hargrove - Kamala's Dance
4. Carsten Dahl Experience - Interpretations (feat. Daniel Franck & Jakob Høyer)
5. Carsten Dahl Experience - Morgonsång (feat. Daniel Franck & Jakob Høyer)
6. Carsten Dahl Experience - Vacker (feat. Daniel Franck & Jakob Høyer)
7. Keith Jarrett, Gary Peacock & Jack DeJohnette - All the Things You Are
8. Keith Jarrett, Gary Peacock & Jack DeJohnette - It Never Entered My Mind
9. Keith Jarrett, Gary Peacock & Jack DeJohnette - The Masquerade Is Over
Presentateuren
- Pol Belardi
- Pit Dahm