Enn Januar huet déi spuenesch Regierung d'Regulariséierung vun enger hallwer Millioun Sans-Papiers ugekënnegt fir d'Wirtschaft vum Land ze stäerken.
Dës gouf esou ugekënnegt: "Mir wëllen dëse Mënschen, déi schonn an eisem Land sinn, hir Dignitéit unerkennen an erëmginn an hinne Garantien a Rechter ubidden." En Toun, deen am staarke Kontrast steet zu den Aussoe vum Lëtzebuerger Inneminister Léon Gloden, mengt d’Biergerrechtlerin ronderëm Froe vum Zesummeliewe Laura Zuccoli an hirem Fräie Mikro. Si kritiséiert, de Leon Gloden géif eng Regulariséierung vu Migranten ouni legalen Openthalt wéi a Spuenie refuséieren, och wann der vill vun hinne schonn zanter Joren zu Lëtzebuerg liewen a schaffen.