D'Verëffentlechung vun den Epstein-Files bréngt bal all Dag nei Detailer iwwer dem Epstein säin Netzwierk, iwwer seng Verbindungen zu Politik a Geschäftsleit eraus.
Den Jeffrey Epstein war en amerikaneschen Investmentbanker a verurteelte Sexualverbriecher. Hien huet en internationaalt Netzwierk vu Kanner- a Fraenhandel fir räich a mächteg Männer bedriwwen. Männer wéi den Donald Trump, de Prënz Andrew, de Bill Clinton, den Elon Musk, de Bill Gates, de Woody Allen, de Stephen Hawking an den Noam Chomsky sinn an d'Viséier geroden. D'Isabelle Schmoetten vum CID | Fraen an Gender befaasst sech an hirem Fräie Mikro mat dësem Skandal.