Haut, 24.2., viru 4 Joer huet Russland d’Ukrain ugegraff. Zanterdeem ass Krich. Dem Flüchtlingshëllefswierk UNHCR no si bal 10 Millioune Mënschen aus der Ukrain op der Flucht. Méi wéi 2,5 Milliounen Haiser am Land si beschiedegt oder zerstéiert.
Op dësem traurege Joresdag geet d’Simone Beck, Presidentin vun der Lëtzebuerger UNESCO-Kommissioun, am Fräie Mikro op déi traumatesch Geschicht vun der Ukrain ënner dem Josef Stalin an dem Wladimir Putin an, déi weist, datt sech de Krich vun haut an eng laang Entwécklung areit.