Am Zesummenhang mam Virgoe vun Israel géint d’Palästinenser gëtt ëmmer erëm vu Genozid, also Vëlkermord geschwat. Rezent hat och den US-President Donald Trump de Begrëff benotzt a behaapt, wäiss Südafrikaner wieren Affer vun engem Genozid, mee a Südafrika gëtt et guer kee Vëlkermord.
D’UNO-Vëlkermordkonventioun vun 1948 gëtt eng prezis Definitioun vu Genozid. D’Simone Beck, Presidentin vun der Lëtzebuerger UNESCO-Kommissioun, fënnt, datt de Begrëff am Moment fir alles Méigleches gebraucht gëtt. Si ass der Meenung, datt dësen inflationäre Gebrauch d’Notioun vu Vëlkermord verwässert. Dozou hire Fräie Mikro